Aalt Räich (Egypten)

Vu Wikipedia
D'Aalt Räich

D'Aalt Räich an Egypten ëmfaasst an der Reegel déi drëtt bis déi sechst Pharaonendynastie (ëm 2740–2168 v. Chr.).

Déi schonn an der zweeter Dynastie entstane Grafbauwierker goufe wärend der drëtter Dynastie weiderentwéckelt. De Pharao Djoser war den éischten, dee sech an enger Pyramid begruewe gelooss huet. D'Trapepyramid vu Saqqara gëllt als éischt egyptesch Pyramid iwwerhaapt. An der drëtter Dynastie gouf de Sonnegott Ra déi wichtegst Gottheet vun Egypten.

Déi véiert Dynastie war eng gloräich Zäit fir Egypten. De Pharao Snofru huet d'Räich no Westen a Süden erweidert. D'Rout Pyramid zu Dahschur bei Saqqara gëtt him zougeschriwwen. D'Pharaone Cheops, Chephren a Mykerinos loossen d'Pyramide vu Gizeh bauen. Déi eelst Talspär, Sadd-el-Kafara, gouf opgeriicht an dat eelst Dokument vun Illusiounskënschtler dat nach erhalen ass, de Westcar-Papyrus, gouf geschriwwen.

D'Pharaone vun der fënnefter Dynastie (ëm 2500–2350 v. Chr.) sinn engersäits duerch d'Archeologie an anerersäits duerch iwwerliwwert Texter besser bekannt wéi déi vireg Dynastien. Déi Zäit ass duerch méi kleng Pyramiden, zum Beispill bei Abusir, an Tempele fir de Sonnegott Ra gekennzeechent. D'Pharaonen hunn hir absolut Muecht misse mam opstriewenden Adel an enger Bürokratie déi ëmmer méi gewuess ass, deelen. Ënner dem Pharao Unas ass de Brauch ugaangen, bei de Griewer reliéis Texter derbäizeginn, déi spéider am Doudebuch zesummegestallt goufen.

Op kulturellem Plan ass déi sechst Dynastie d'Nofollgerin vun der fënnefter. Mat enger Dezentraliséierung vun de Verwaltungsstrukture si regional Zentren entstanen, déi ëmmer méi u Bedeitung gewonnen hunn. D'Zentralregierung huet no Kricher géint Libyien, Nubien a Palestina ëmmer méi un Afloss agebéisst.

Neier Fuerschungen deiten och drophin, datt Klimaverännerungen, wéi d'Feele vum Nil-Héichwaasser, zum Néiergang vum Ale Räich bäigedroen hunn. Och de bal zäitgläichen Ëmbroch an der Sumer- an an der Indus-Kultur schwätzen dofir.

Mam Verfall vun der Zentralregierung fänkt déi Éischt Tëschenzäit un.

Ankh Epochen am Alen Epypten Ankh

Virdynastesch Zäit | Fréidynastesch Zäit | Aalt Räich | Éischt Tëschenzäit | Mëttelt Räich | Zweet Tëschenzäit | Neit Räich | Drëtt Tëschenzäit | Spéitzäit | Griichesch-Réimesch Zäit

Portal Egyptopedia – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer dat aalt Egypten.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Egyptian Old Kingdom – Biller, Videoen oder Audiodateien