Aaspel
| Dëse Biologiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
| Aaspel | |||||||||||||||
|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|
|
Aaspel |
|||||||||||||||
| Wëssenschaftlech Klassifikatioun | |||||||||||||||
|
|||||||||||||||
| Wëssenschaftlechen Numm | |||||||||||||||
| Mespilus germanica „L“. |
|||||||||||||||
Eng Aaspel , Mespilus germanica L., ass eng Uebstgattung, déi zur Ënnerfamill vum Kärenuebst, Maloideae, gehéiert, an zu der Famill vun de Rouseplanzen , deRosaceae.
Se sief net verwiesselt mat der Mëspel, op Däitsch Mistel.
Et si kleng Beem, oder grouss Traisch, déi an der fräier Natur a Bëscher an an Hecken, a Bierggéigenden a Süd-Ost-Europa, an a Südwestasien doheem sinn.
Se ginn haapsächlech wéinst hirer breeder Form an de schéinen Hierschtfaarwe gezillt. Si kënne aus dem Som gezillt ginn, se sollen dann am Oktober geséint ginn, et kann een se awer och am beschten am September praffen.
Si wuessen gutt op nierstoffräiche, frëschen a gutt drainéierte Biedem, an der voller Sonn, verdroen awer liichte Schied.
D'Blieder sinn 10 bis 15 cm laang, am Summer donkelgréng, a brong-giel am Hierscht. Hir Bléi kënnt Mëtt Mee bis Juni, an déi wäiss Blummen, heiansdo met Rosa dran, sinn 2-5 cm grouss.
D'Friichte kënnen no engem Frascht giess ginn, wann se dee sinn.
[änneren] Den Numm
D'Aaspel huet an der Ëmgankssprooch eng sëllegen Nimm:
- Aasper
- Heespel
- Heispel
- Hondsa
- Hondsaarsch, en Ausdrock, deen an der Form "Hundsärsch" am Wörterbuch der deutsch-lothringischen Mundarten" vun 1909 ze fannen ass.
- Knëspel
[änneren] Um Spaweck
| Commons: Mespilus germanica – Biller, Videoen oder Audiodateien |