Aasselbur
|
|||||||
|---|---|---|---|---|---|---|---|
| An anere Sproochen: |
fr: Asselborn de: Asselborn |
||||||
| Land: | |||||||
| Distrikt: | Distrikt Dikrech | ||||||
| Kanton: | Klierf | ||||||
| Gemeng: | |||||||
| Buergermeeschter: | M. Thommes (CSV) | ||||||
| Awunner Uertschaft: | 379 (06.02 2008) |
||||||
| Fläch Uertschaft: | 763,8014 [1] ha | ||||||
| Koordinaten: | 50° 05' 46" N 05° 58' 19" O |
||||||
| Uertschaften - Gemengen - Stied | |||||||
Aasselbur, Aasselburren bei den Awunner, ass eng Uertschaft an der Gemeng Wëntger.
Geographie [änneren]
Aasselbur läit op engem Éisleker Plateau op enger Héicht vu ronn 470 Meter. Ronderëm d'Uertschaft ass eng fräi Gewan mat Wisen a Felder, am Süden dervunner zitt sech vu Westen no Osten eng Sträif mat Bëscher an Hecken, déi um ieweschte Bord vum Hank stinn, deen op d'Aasselburer Millen an op den Dall vun der Trëtterbaach erof geet. Den héchste Punkt vun der Uertschaft ass mat 491 Meter en trigonometresche Punkt um Flouer Rigdescht op der Sektiounsgrenz mat Saassel. Den niddregste Punkt ass mat 400 Meter am Dall vun der Trëtterbaach, do wou déi den Territoire vun der Uertschaft verléisst.
Geschicht [änneren]
Zu Aasselbur gouf et fréier d'Poststatioun vun Aasselbur, déi eelste bekannte Poststatioun aus dem Land, vun där d'Gebai nach deelweis erhalen ass.
Déi fréier Gemeng Asselbur [änneren]
Duerch Gesetz vum 20. Juli 1925 gouf d'Sektioun Biwwesch vun der Gemeng Aasselbur ofgetrennt, an ass bei d'Gemeng Ëlwen dobäikomm.
Den 1. Januar 1978 gouf duerch Fusioun vun de Gemengen Aasselbur, Béigen, Helzen an Uewerwampech déi nei Gemeng Wëntger gegrënnt.
Bei där Fusioun, goufe 7 ha 88 a aus der Sectioun B vun Aasselbur bei d'Gemeng Ëlwen geprafft.
Ausser Aasselbur hu folgend Uertschaften zu der fréierer Gemeng gehéiert: Boxer, Rëmeljen, Saassel, Stackem, Maulesmillen an Uschler.
Déi fréier Gemeng hat eng Fläch vun 2.453,0464 ha.
Verkéier [änneren]
Aasselbur ass un d'Stroossennetz ugeschloss iwwer d'N12 tëscht Wolz an Ëlwen, an den CR334, deen op Saassel féiert, a vun deem am Dall vun der Trëtterbaach den CR373 op Boxer fortgeet.
Kuckeswäertes [änneren]
- Déi al Millen op der Trëtterbaach
- De Biotop op dem Tipp vun de fréiere Leekaule laanscht d' Trëtterbaach tëscht der Éimeschbaach an der Aasselburer Millen.
- De fréiere Relais postal
Kuckt och [änneren]
- La traversée des pays et des âges, e belsch-lëtzebuergesche Wanderwee deen duerch Aasselbur féiert
- Schéifermisch vun Aasselbur
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Gemengen
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Uertschaften
- Lëtzebuerger Kantonen
- Lëtzebuerger Distrikter
- Entwécklung vun der Gemengenzuel zu Lëtzebuerg
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Stied
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Aasselbur – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Offiziell Säit vun der Gemeng Wëntger
- Syvicol
- Fusiounsgesetz vun der neier Gemeng Wëntger: Loi du 31 octobre 1977 portant fusion des communes de Asselborn, Boevange/Clervaux, Hachiville et Oberwampach
Referenzen [änneren]
- ↑ D'Donnéeën déi d'Fläch vun enger Gemeng oder enger Uertschaft betreffen, sou wéi se an dësem Artikel stinn enspriechen deenen aus der Datebank vum Kadaster um Stand vum 25. September 2009.