Abd ar-Rahman as-Sufi

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Den Abd ar-Rahman as-Sufi, gebuer de 7. Dezember 903 a gestuerwen de 25. Mee 986, och ënner den Nimm Abd al-Rahman al-Sufi, oder Abd al-Rahman Abu al-Husain an an der westlecher Welt als Azophi bekannt, war e perseschen Astronom.

Liewen a Verdéngschter[änneren | Quelltext änneren]

D'Stärebild Sagittarius aus dem Buch vun de Fixstären

Hien huet zu Isfahan um Haff vum Emir Adud ad-Daula gelieft an hat sech mat Wierker vu griicheschen Astronome befaasst, besonnesch déi vum Claudius Ptolemäus, deem säi „Grousst astronomescht System“ ëm 800 an d'Arabescht iwwersat gouf („Almagest“).

Den as-Sufi hat en etlech Korrekturen an der ptolemäescher Stärelëscht gemaach, déi besonnesch unhand vun eegenen Observatiounen iwwer d'Hellegkeet gemaach goufen. Hien hat och versicht, déi griichesch an traditionell arabesch Stären- a Stärebildnimm a Bezéiung ze setzen. Hien hat och ënner anerem d'Berechnung vum Sonnejoer verbessert an hat sech mam dem villsäitege Benotze vum Astrolabium beschäftegt.

Hien hat och observéiert, datt de Plang vun der Ekliptik am Verhältnes zum Himmelsequator gebéit ass an hat eng genee Berechnung vum tropesche Joer gemaach.

De Moundkrater Azophi (Duerchmiesser 47 km) an den Asteroid (12621) Alsufi droe säin Numm.

Haaptwierk[änneren | Quelltext änneren]

Den as-Sufi hat säin Haaptwierk, d'Buch vun de Fixstären ëm d'Joer 964 op Arabesch, der Bildungssprooch vum Islam verëffentlecht. D'Buch stellt eng Bréck zum Almagest vum Ptolemäus duer. Et enthält Illustratioune vu Stärekonstellatioune souwéi Beschreiwunge vu Stären, mat hirer Positioun, Hellegkeet a Faarf. D'Wierk gouf no Stärebiller zesummegefaasst.

Doran ernimmt hien ë. a. souwuel déi grouss Magellanesch Wollek, déi hien al-Bakr (de wäissen Ochs) genannt huet, wéi och den Andromedaniwwel, laang ier déi éischtgenannt vum Ferdinand Magellan als éischten Europäer gesi gouf, an dee leschtgenannten nach virun der Erfindung vum Teleskop am Joer 1612 vum Simon Marius zréckentdeckt gouf.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Wierkausgaben
Sekundärliteratur

Gallery[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Abd Al-Rahman Al Sufi – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]