Abdelmalek Sellal
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den Abdelmalek Sellal (ar: عبد الـمالك سلال), gebuer den 1. August 1948 zu Constantine an Algerien, ass en algereschen Diplomat a Politiker.
Hien huet op der algerescher Verwaltungs-Héichschoul Diplomatie studiéert a gouf duerno Wali vu Boumerdès, Adrar, Sidi-Bel-Abbès, Oran a Laghouat.Hie war och algereschen Ambassadeur an Ungarn, an duerno Inneminister, Minister fir Gemengen, Ëmwelt, Jugend a Sport, ëffentlech Aarbechten Transport a Waasserressourcen.
Den 3. Septembre 2012 gouf en zum Premierminister ernannt, nodeems säi Virgänger Ahmed Ouyahia zréckgetruede war[1].
Ämter [änneren]
- 2012 : Regierungschef
- 2010-2012 : Minister fir Waasserressourcen
- 2009 : Direkter vum Abdelaziz Bouteflika senger Walcampagne
- 2004-2009 : Minister fir Waasserressourcen
- 2004 : Direkter vum Abdelaziz Bouteflika senger Walcampagne
- 2002-2004 : Transportminister
- 2001-2002 : Minister fir ëffentlech Aarbechten
- 1999-2001 : Jugend- a Sportminister
- 1998-1999 : Minister fir den Intérieur, Gemengen an Ëmwelt
- 1996-1997 : Ambassadeur zu Budapest (fir Ungarn, Kroatien a Slowenien)
- 1995-1996 : Chef de cabinet vum Ausseminister
- 1994-1995 : Directeur des ressources am Ausseministère
- 1989-1994 : Wali hors cadre am Inneministère
- 1984-1989 : Wali vun Adrar, Sidi Bel Abbes, Oran, Boumerdes a Laghouat
- 1977 : Chef vun der Daïra zu Tamanrasset an zu Arzew
- 1976 : Cconseiller vum Erzéiungsminister
- 1975 : Chef de cabinet vun der Wilaya Guelma
Referenzen [änneren]
- ↑ Algérie : Abdelmalek Sellal nommé PM, Le Figaro, 3. September 2012.