Abee (Meteorit)

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
De geschlaffene Steemeteorit Abee

De Meteorit Abee ass e Steemeteorit, deen den 9. Juni 1952 an der Provënz Alberta a Kanada op d'Äerd gefall ass. Hie gouf als EH4-chondritesche Breckzie klassifizéiert. Am Ganze goufen 107 kg vum Meteorit erëmfonnt.

Den Abee ass dee bis elo gréisste bekannten Enstatit-Chondrit. Opgrond vu senger Zesummesetzung an Textur gëtt ugeholl, datt hien eng grouss impakträich Geschicht muss hunn. Interessant ass och, datt hien, verglach mat anere Meteoritten, relativ aarm u Sauerstoff ass. Doraus gëtt ugeholl, datt säi Mammekierper an engem sauerstoffaarme Beräich vun der protoplanetarer Scheif entstanen ass. Den Abee gouf dofir och scho mat dem Merkur a Verbindung bruecht, wat allerdéngs bis elo ëmstridden ass.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]