Abell-Katalog

Vu Wikipedia

Den Abell-Katalog (engl.: Abell catalog of rich clusters of galaxies) ass e Katalog mat 4.073 Galaxiëkéip. Jiddweree vun dëse kéip huet op d'mannst 50 Galaxien tëscht der Hellegkeet vum drëtthellste Koupmember, an zwou Magnitude méi schwaache (). Ausserdeem mussen déi op d'mannst 50 Memberen, bei enger ugehollener Hubble-Konstant vun H=70 km/s/Mpc, an engem Radius vun 2Mpc leien, dem sougenannten Abell-Radius. D'Routverrécklunge vun de Kéip ginn nominell bis , tatsächlech goufe fir en ettlech Abell-Kéip spéider och méi grouss Wäerter gemooss.

Déi éischt Versioun vum Katalog gouf 1958 vum George Ogden Abell publizéiert. Si war entstanen duerch Inspektioun vun der routempfindleche Fotoe vum Palomar Observatory Sky Survey mat Hëllef vun enger Lupp an hat 2712 Galaxiëkéip opgewisen. 1989 gouf hien ëm 1361 Kéip aus de virdrun net erfaassten Deeler vum südleche Stärenhimmel vergréissert. Dës Kéip ware mat Hëllef vu Fotoe vum UK Schmidt-Teleskop fonnt ginn. Nieft de Koordinate goufe Kennzuele fir d'Memberzuel, Kompaktheet an ongeféier Distanz vum Koup uginn.

Beispiller[änneren | Quelltext änneren]

  • Abell 901
  • Abell S0373 Fornax-Galaxiëkoup: den zweetnächste Galaxiëkoup.
  • Abell 1656 Coma-Galaxiëkoup: ee vun de bekanntste Galaxiëkéip.
  • Den Abell 2667 am Stärebild Sculptor, duerch deen eng Koméitegalaxis rennt.
  • Den Abell 3266 um Südstärenhimmel, eng vun de Massekonzentratiounen am noen Universum.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]