Abell 21

Vu Wikipedia
Date vum Abell 21 / YM 29 / Medusa-Niwwel
Medusa Niwwel, opgeholl mam 24-Zoll-Teleskop Mount Lemmon Observatoire, AZ. Mat frëndlecher Autorisatioun vum Joseph D. Schulman
Stärebild Gemini (Gem)
Positioun (Equinoxe: J2000.0)
Rektaszensioun 07h 29m 02.7s
Deklinatioun + 13° 14' 48"
Ausgesinn
Niwweltyp Planetareschen Niwwel
Visuell Magnitude
Wénkelduerchmiesser 12′
Liichtjoer zirka 1500
Duerchmiesser (1,8 × 1,4) pc
Entdecker George O. Abell / Hugh M. Johnson
Entdeckungsjoer 1955
Katalogbezeechnungen
PK 205+14 1 • IAU G205.1+14.2 • Sh 2-274 • Abell 21 • YM 29

Den Abell 21 oder YM 29, och bekannt als Medusa-Niwwel ass e grousse planetareschen Niwwel mat klenger Flächenhellegkeet am Stärebild Gemini. Säin Numm huet den Niwwel wéinst de schlaangenänleche Gasfilamenter, déi un d'Hoer vun der Medusa erënneren.

Den Niwwel gouf 1955 onofhängeg vunenee vum George Ogden Abell um Palomar-Observatoire a vum Hugh M. Johnson am Kader vum Yerkes-McDonald-Survey entdeckt. Bis an d'1970er Jore gouf ugeholl, datt et sech ëm e Supernovarescht handele kéint. Duerch déi berechent Ausdeenungsvitessen an den thermesche Charakter vun der Radioemissioun hu sowjetesch Astronomen 1971 geschlussfollgert, datt déi éischt Klassifizéierung am warscheinlechsten ass.

Den Objet ass net ze verwiessele mam Galaxiëkoup Abell 21 oder der Galaxis NGC 4194.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]