Abell 2667

Vu Wikipedia
De Galaxiëkoup Abell 2667. Foto vum Hubble-Weltraumteleskop. Uewe lénks ass eng Koméitegalaxie (blo) ze gesinn.

Den Abell 2667 ass e Galaxiëkoup am Stärebild Sculptor. En ass ongeféier 3,2 Milliarde Liichtjoer vun eiser Äerd ewech an huet eng Ausdeenung vu ronn 2,4 Millioune Liichtjoer. Den Numm leet sech vum Aschreiwen an den Abell-Katalog of.

Op der Foto vum Hubble-Weltraumteleskop ass eng Koméitegalaxie ze gesinn, déi mat ronn 3,5 Millioune km/h duerch de Galaxiëkoup rennt. De Gas vum Koup enträisst der Galaxie dobäi Stären, wat hir e Schwäif wéi bei engem Koméit verschaaft.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]