Abetti (Moundkrater)
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
| Eegeschaften | |
|---|---|
| Breet | 19,9° N |
| Längt | 27,7° O |
| Duerchmiesser | 1,5 km |
| Déift | onbekannt |
| Selenographesch Längt | 332° bei Sonnenopgank |
| Genannt nach | Antonio Abetti Giorgio Abetti |
Den Abetti ass e klengen Aschlagkrater, deee vollstänneg vum Maria iwwerdeckt ass. Op der Mounduewerfläch ass nëmmen e geronnten Hiwwel sichtbar, deen de Rand undeit. Den Abetti läit no bei dem südëstleche Rand Mare Serenitatis, westlech vum Mons Argaeus. De Krater ass nëmme bei ganz flaachem Liichtafall siichtbar.