Aboncourt (Moselle)

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Aboncourt
center}}}
Land Flag of France.svg Frankräich
Regioun Blason Lorraine.svg Loutrengen
Departement Blason département fr Moselle.svg Moselle
Arrondissement Thionville-Est
Kanton Metzervisse
Code Insee 57001
Postcode 57920
Koordinaten 49° 15' 41" N
06° 51' 10" O
Fläch Uertschaft  590 ha
Bevëlkerung Uertschaft  346 (1999)

Aboncourt (däitsch: Endorf) ass eng franséisch Uertschaft a Gemeng am Departement Moselle a Loutrengen, am Dall vun der Canner.

D'Uertschaft ass un de Verkéier ugeschloss iwwer Departementsstroossen D55 an D118e.

Fréier war Aboncourt un d'Eisebunnsnetz ugeschloss iwwer d'Linn Bettelainville-Mertzig. D'Gare déi ëm 1900 gebaut gouf ass haut am Besëtz vun der Gemeng a steet op der Lëscht vum Inventaire général du patrimoine culturel. Een Deel vun der Streck gëtt haut als Touristenzuch vun der Association lorraine d'exploitation et de modelisme A.L.E.M.F iwwer de Chemin de Fer touristique de la Vallée de la Canner de Vigy a Hombourg-Budange exploitéiert.

Geschichtleches[änneren | Quelltext änneren]

  • 1817 war Abancourt mat der Ferme de Neudelange, eent vun den Dierfer vun den Dräi Bistümer. Deemools hunn do 430 Leit a 74 Haiser gewunnt.

Beschreiwung vum Wopen am Originaltext:

D'argent à la croix cantonnée aux 1 et 4 d'un lion, et aux 2 et 3 d'un alérion, le tout de gueules.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]


Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]