Centre culturel de rencontre Abbaye de Neumünster
De Centre culturel de rencontre Abbaye de Neumünster, gekierzt CCRN, ass en ëffentlecht Etablissement an e Kulturzentrum am Gronn an der Stad Lëtzebuerg, deen zanter 2004 a Betrib ass. President vum Verwaltungsrot war bis 2011 de Guy de Muyser, an duerno de Guy Dockendorf. Direkter vum CCRN ass de Claude Frisoni.
De CCRN gëtt dräimol am Joer De gudde Grond eraus, eng Zäitschrëft mam Programm vun den Aktivitéiten am Kulturzenter.
Inhaltsverzeechnes |
[änneren] Geschicht
1606 gouf ugefaange mat dem Bau vun der Abtei Neimënster, nodeems d'Benediktinerabtei Almënster schwéier beschiedegt gi war.
[änneren] Gebaier
D'Gebaier ëmfaassen d'Kierch vum Hl. Jang a véier Gebaier, déi ronderëm e Bannenhaff leien. Fir d'éischt war d'Klouschter e Militärhospiz bis 1867, duerno bis 1980 e Männerprisong. Hautdesdaags ass et e sozio-kulturellen Zentrum. Den CCRN begräift dräi Gebaier-Bléck, vun deenen der zwee no Leit genannt sinn.
[änneren] Abtei
D'Abtei ass d'Haaptgebai vum CCRN. Op zwee Stäck iwwert der Receptioun fënnt ee Reuniouns- a Konferenzsäll a verschiddene Gréissten. Déi zwee Konferenzsäll um zweete Stack sinn no bedeitende lëtzebuergeschen Auteure genannt: Edmond-Dune Sall (A21) a José-Ensch Sall (A22).
[änneren] Robert-Bruch-Gebai
D'Robert-Bruch-Gebai (Bâtiment Robert-Bruch) ass déi fréier preisesch Garnisoun, an där folgend Institutiounen a Facilitéiten ënnerbruecht sinn:
- de Pierre-Werner-Institut (Institut Pierre-Werner), eng gemeinsam Struktur vum däitsche Goethe-Institut an dem franséische Kulturinstitut;
- den Institut européen des itinéraires culturels vum Europarot;
- d'Verwaltung vum CCRN;
- Studioen, Duplexen an Ateliere fir Artisten;
[änneren] Robert-Krieps-Sall
De Robert-Krieps Sall ass den neien Numm vum Tutesall, an dem haut en Auditoire mat 283 Sëtzplazen ënnerbruecht ass.
[änneren] Espacen a Plazen
[änneren] Lucien-Wercollier-Kräizgank
Am Kräizgank vun der Abtei, deen nom Lucien Wercollier benannt ass (Cloître Lucien-Wercollier), ginn temporär Ausstellungen organiséiert. Vun 2005 bis 2008 stoungen hei Skulpture vum Wercollier, déi seng Famill dem Centre culturel fir 10 Joer iwwerlooss hat. Am November 2008, no enger Restauréirung, koumen dës Skulpturen op hir definitiv Plaz am Déambulatoire um éischte Stack vun der Abtei.
[änneren] Marcel-Jullian-Agora
D'Agora Marcel-Jullian[1] ass de banneschten Haff vun der Abtei, dee mat enger gliesener Konstruktioun iwwerdaacht ass. Un enger Säitemauer vun der Agora ass de Projet the portrait society mat 504 Eenzelportraiten, e Wierk vum lëtzebuergesche Konschtschafenden Roland Schauls, ze gesinn.
[änneren] Parvis
De Parvis ass de Bannenhaff vum CCRN, dee mat 3700 m2 zu deene gréissten ëffentleche Plazen an der Stad Lëtzebuerg zielt. De Parvis grenzt mat dräi Säiten u Gebaier vum Kulturkomplex a mat enger Säit un d'Uelzecht, direkt vis-à-vis vum Stierchen.
[änneren] Kuckt och
- La Renaissance française, eng Associatioun déi sech fir déi franséisch Sprooch a Kultur, ë.a. och zu Lëtzebuerg, engagéiert.
[änneren] Um Spaweck
| Commons: Kultur- a Begéinungszentrum Abtei Neimënster – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Centre culturel de rencontre Abbaye de Neumünster (fr) (de) (en)
- Abbaye de Neumünster - Events, Catering & Meetings (fr)
[änneren] Notten
- ↑ De Marcel Julian, Produzent vum och zu Lëtzebuerg beschtbekannte franséische Film "La grande vadrouille", war am Zweete Weltkrich eng Zäit am Prisong am Gronn internéiert.