Abtei Notre-Dame vu Leffe

Vu Wikipedia


Vue vu baussen
De Kräizgank
D'Uergel aus der Uergelmanufaktur Thomas

D'Abtei Notre-Dame vu Leffe ass eng Abtei déi 1152, am Quartier Leffe, zu Dinant gegrënnt gouf. Se gëtt vu Premonstratenserpatere gefouert.

Déi meescht Gebaier, déi haut nach stinn, stamen aus dem 17. an 18. Joerhonnert. 1796 goufe se deelweis zerstéiert a verkaaft. 1903 koumen Trappisten vun der Abtei Saint-Michel vu Frigolet bei Tarascon), fir se hirer ursprénglecher Bestëmmung nees zouzeféieren. 1937 waren et d'Premonstratenser vun Tongerlo, déi se nei belieft hunn.

D'Uergel ass aus der Uergelmanufaktur Thomas.

Brauerei[änneren | Quelltext änneren]

Bis 1809 gouf an der Abtei Béier gebraut. 1952 huet d'Brauerei Lootvoet d'Lizenz kaaft, fir Leffe-Béier kënnen ze produzéieren. Haut gehéiert d'Mark der InBev.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Abtei vu Leffe – Biller, Videoen oder Audiodateien