Abtei Prüm

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Déi fréier Abtei an d'Basilika vu Prüm

D'Abtei Prüm war eng Benediktinerabtei zu Prüm.

D'Grënnerin Bertrada vu Mierlebaach (Mürlenbach Eifel)[änneren | Quelltext änneren]

D'Abtei Prüm gouf 721 vun der fränkescher Adeleger Bertrada, zesumme mat hirem Jong Charibert (Heribert), am Dall vu Prüm gegrënnt. Déi éischt Mönche koumen aus der Abtei Iechternach, déi zwanzeg Joer virdru vum Missiounsbeschof Willibrord gegrënnt gi war. D'Bertrada war héchstwahrscheinlech e Meedche vum Irmina vun Oeren. D'Klouschter zu Prüm konnt sech net laang halen, well 752 huet de Kinnek Pippin de Jéngeren erëm e Klouschter a Prüm gegrënnt. Dozou huet hie Mönche vun Moo bei Paräis aberuff. De Kinnek Pippin huet eng Enkelin vun der Bertrada bestuet. Déi hat de selwechte Numm wéi hir Groussmamm, Betrada - si ass och Berta oder Berthe genannt ginn - a war d'Mamm vum Karl de Groussen.

De Kinnek Pippin[änneren | Quelltext änneren]

D'Benediktiner-Abtei Prüm war enk verbonne mat der Famill vum Stëfter aus dem Haus vun de Karolinger, si waren hiert Haus- a Familleklouschter. Dat kënnt an der Stëftungsurkunde kloer zum Ausdrock. Do dran heescht et: „Und damit ihr (Mönche) mit Freude für das Heil unserer Seele, unserer Gattin, unserer Kinder und Nachfolger, für den Bestand des ganzen Uns von Gott verliehenen Reiches, für die Erhaltung seiner unverdienten Barmherzigkeit für ewige Zeiten das Erbarmen unseres Herrn Jesus Christus ohne Unterlaß anflehen könnt, ... so befehlen Wir, daß kein Bischof und keiner der weltlichen Großen sich um euch zu kümmern hat oder euch belästigen darf: Unsere Erben sollen die Mönche, solange sie nach der Regel und in Treue gegen Uns und Unsere Erben leben, in Unserem Kloster schützen."

D'Reliquie vun de Sandale vu Christus[änneren | Quelltext änneren]

6-Reliquie der Sandalen v.Jesus-k.jpg

De Kinnek huet der Abtei eng vun de berühmtstene Reliquie vu senger Zäit geschenkt, déi hien selwer vum Poopst Zacharias kritt huet, d'Reliquie vun de Sandale vu Christus. Dowéinst huet d'Abtei vill Lännereie kritt a war eenzeg an elleng der Geriichtsbarkeet vum Kinnek ënnerstallt.

De Karel de Groussen[änneren | Quelltext änneren]

Nom Doud vum Kinnek Pippin (768) huet säi Jong, de Karl de Groussen, op d'selwecht Manéier fir d'Abtei gesuergt, déi elo seng Abtei gi war. Et gëtt gesot, hie wier zu Mierlebaach op d'Welt komm. Hien huet déi éischt Salvator-Kierch gebaut. Si war fir d'Versuerge vun der Christus-Reliquie sou wäertvoll ageriicht, datt se „Gëlle Kierch" genannt gouf. Dat Gotteshaus ass no der (net sécherer) Iwwerliwwerung am Joer 799 vum Poopst Leo III. a Presenz vum Karl dem Groussen a sengem Jong Ludwig feierlech ageweit ginn. (Dës Zeen ass duergestellt op engem Bild vum Januarius Zick vun ëm 1780, dat Chouerraum vun der Salvator-Kierch hänkt.)

De Keeser Lothar I.[änneren | Quelltext änneren]

Den Enkel vum Karl, de Keeser Lothar I., deelt 855 zu Schüller, net allzewäit vu Prüm, säi Räich, huet d'Kroun ofgeluecht an ass als Mönch an der Abtei Prüm agetrueden. Hie stierft kuerz drop a kritt säi Graf virum Héichaltor vun der Abtei.

De Regino an d'Prümer Urbar[änneren | Quelltext änneren]

D'Normannen hunn an de Joren 822 an 892 d'Prümer Klouschter iwwerfall an hunn et ofgebrannt. Wéinst dëser batterer Erfarung huet de Regino vu Prüm aus Altrip bei Speyer – wuel dee bedeitendste Leeder vum Prümer Klouschter – 893 e geneeën Inventaire vun alle Gidder vun der Abtei erstelle geloos. Dat Verzeechnes – Prümer Urbar genannt – ass an enger Ofschrëft aus dem Joer 1222 zesumme mat engem Kommentar ganz erhalen. Fir de groussraimege Besëtz ze verwalten, hu sechs Filialkléischter zu der Prümer Abtei gehéiert: Revin a Frankräich, Güsten am Rheinland, Münstereifel, Sankt Goar, Klouschter Kesseling op der Ahr an Altrip.

D'Prümer Abtei gëtt e selbstständegt Fürstentum[änneren | Quelltext änneren]

D'Ugesinn an de Besëtz vum Prümer Klouschter ass bis den Ufank vum 13. Joerhonnert gewuess; duerno geet dat allgemengt Interessen zréck. Duerch e Gesetz vum Friedrich II. vun 1220 war och d'Abtei Prüm mat hirem Ëmland zu engem selbstständge Fürstentum erhuewe ginn a war mat enger eegener Stëmm am Reichstag (Versammlung vun de Fürsten aus dem Räich) vertrueden. D'Territorium vun der Abtei huet elo ëmmer méi den Interesse vun de benoperte Landshären erreecht, och vun de Lëtzebuerger, virun allem awer vun de Kurfürste vun Tréier, die 1576 an d'Plaz vun den Äbte getruede sinn.

Déi haiteg Gebailechkeeten[änneren | Quelltext änneren]

Am Joer 1802 hunn d'Pateren definitiv Prüm verlooss. D'Klouschtergebaier goufe fir d'éischt Sëtz vu verschiddenen Administratiounen, ier se schliisslech ganz un de staatleche Regino-Gymnasium iwwergaange sinn. D'Abteikierch ass zur Parkierch ginn an 1950, nom Neesopbau vun de Gebailechkeeten, déi schwéier Krichsschied erlidden haten, an de Rang vun enger Basilika minor erhuewe ginn.

Geographesch Koordinaten: Gnome-globe.svg 50° 12’ 24.58’’ N 6° 25’ 32.90’’ O

Commons: Abtei Prüm – Biller, Videoen oder Audiodateien