Abtei Rolduc

Vu Wikipedia
Abtei Rolduc
D'Abtei aus der Loft gesinn
Land Holland
Gemeng Kerkrade
Plaz Rolduckerveld
Koordinaten 50°52'4,01"N, 6°4'54,01"O
Datum vum Bau 1106
D'Abteikierch

D'Abtei Rolduc (Latäin: Roda Ducis, oder och nach Closterroda, Roda, Kloosterrade, an Hertogenrode) ass eng kathoulesch Abtei an der hollännescher Gemeng Kerkrade. Et ass dat gréisst Klouschter an Holland.

D'Abtei gouf 1104 gegrënnt. Et war am Ufank eng duebel Abtei, an där op der enger Säit Pateren, an op der anerer Nonne gewunnt hunn. 1147 huet de Bëschof vu Léck befuelen datt déi zwee Geschlechter net méi kéinten an enger Abtei wunnen. Sou sinn eng Parti vun den Augustinerinne vu Rolduc op Sinnich an der Gemeng Teuven, deemools an der Grofschaft Dalhem geplënnert,[1], an de Rescht huet sech um Uwänner vun der Ahr tëscht Bonn a Koblenz zu Marienthal un der Ahr néiergelooss.[2]

D'Abtei déi am Ufank zimmlech räich war, ass ëmmer méi veraarmt. Schold dru ware besonnesch d'Vogte vum Klouschter déi sech et gutt goe gelooss hunn, an d'Klouschter vill Sue kascht hunn. De spezielle System vun der Opdeelung vun de Revenuen, d'Pateren hunn zwéin Drëttel ënner sech gedeelt, an de Rescht war fir d'Klouschter,[3] huet och säin Deel dozou bäigedroen. No dräi Joerhonnerte war d'Klouschter a sou engem schlechten Zoustand datt et zur Zäit vum Karel V. huet misse komplett restauréiert ginn, wat sech gläich duerno als iwwerflësseg erausgestallt huet. Duerch d'Pescht si vill Patere gestuerwen, an duerno hat d'Klouschter ënner all Zorte vu Raiber ze leiden, déi et geplëmmt an deelweis a Brand gestach hunn. Fir d'eischt waren et dem Schwaarze Mäerten seng Zaldoten, déi do gehaust hunn, an duerno d'Klever an déi Jülicher, déi sech op déi Manéier fir hir Verloschter déi se bei der Belagerung vu Münster haten, revanchéiert hunn. Déi hunn an engem groussen Ëmkrees all d'Kléischter geplëmmt, an d'Pateren an d'Paschtéier ëmbruecht. Dobäi hu se sech sou gutt ugeluecht, datt laang geduecht gouf, et wieren déi reforméiert Hollänner déi Schold un deene Raibereie wieren. Eréischt 1561, wéi d'Klouschter vun Auderghem de Val-Duchesse a Brand gestach gouf, war et kloer datt d'Hollänner näischt domat ze dinn haten.

Nom Achtzegjärege Krich gouf d'Abtei nees opgeriicht. Dat meescht wat haut vun der Abtei gewosst ass gouf an enger Chronik vum Dom Nicolas Heyendal festgehalen. Doraus geet ervir datt en ettlech gutt Wëssenschaftler zu Rolduc gelieft hunn an déi et fäerdeg bruecht hu fir d'Abtei um Liewen ze halen, an am 19. Joerhonnert do e Seminaire z'installéieren.

D'Abtei stoung ëmmer ënner dem Schutz vun den Herzoge vu Limburg an de Walram III vu Limburg läit do an der Krypta begruewen.

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Abtei Rolduc – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. F. Haagen, Geschichte Aachens, I. p III.
  2. Ernst, Histoire du Limbourg II,300.
  3. J.Daris, Histoire du diocèse et de la principauté de Liège pendant le XVe siécle. Liége, 1887, p. 129