Abtei Sankt Maximin Tréier

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Geographesch Koordinaten: Gnome-globe.svg 49° 45’ 35’’ N 6° 39’ 06’’ E
De Wopen
Abtei St. Maximin; Stéch
D'Abtei am 18. Joerhonnert

D'Abtei Sankt Maximin war en aflossräicht Benediktinerklouschter zu Tréier, dat zu den eelste Kléischter a Westeuropa gezielt gëtt, a bis zu senger Opléisung 1802 bestanen huet. Eng laang Zäit hat et den (ëmstriddenen) Titel "Räichsabtei"

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Abtei soll am 4. Joerhonnert vum Hellege Maximin vun Tréier gegrënnt gi sinn. D'stierflech Iwwerreschter vum Maximin an anere fréie Bëscheef goufen an der Krypta vun der Abteikierch, déi am Ufank nom Jang den Deefer genannt war, a méi spéit a St. Maximin ëmgenannt gouf, bäigesat.

Am 6. Joerhonnert gouf eng Benediktinerabtei do installéiert, méiglecherweis huet déi eng eeler Communautéit ersat. Dat Gebai gouf 882 vun den Normannen zerstéiert[1] a vun 942 bis 952 nees opgebaut.

899 huet de Regino vu Prüm, virdrun Abt vum Klouschter Prüm sech dohin zréckgezunn. 937 huet d'Klouschter zu Magdeburg d'Mauritisklouschter opgebaut. 933 ass d'Kierch zesummegefall, si gouf 942 bis 952 ënner dem Abt Hugo erëm opgebaut.[2]

Vum 10. bis an d'Mëtt vum 12. Joerhonnert waren d'Grofe vu Lëtzebuerg Vogt vun der Abtei, ugefaange beim Siegfried I. vu Lëtzebuerg, deen 998 do gestuerwen ass, bis den Heinrich IV., deen 1147 op déi Rechter verzicht huet.

Am 13. Joerhonnert gouf d'Klouschter duerch e Feier zerstéiert an nees opgeriicht.[3]

Am Mëttelalter gouf et joerhonnertelaang Machtkämpf dorëms, ob d'Abtei, wéi si dat gesouch, eng Räichsabtei wier, dat heescht onmëttelbar dem Keeser ënnerstallt, oder awer ob se dem mächtege Kurbëschof vun Tréier ënnerstallt wier. Eréischt 1669 huet den deemolegen Abt formell d'Abtei dem Kurbëschof ënnerstallt, an op seng Uspréch, eng Räichsabtei ze sinn, verzicht.

1674 gouf d'Abtei vu franséischen Truppe komplett zerstéiert, an alt nees 1680 – 1684 nei opgebaut. Intressanterweis war deen Nees-Opbau am gotesche Stil, deen deemoools am Fong net méi gebräichlech war.

1802 gouf d'Abtei opgeléist. D'Gebaier goufe fir verschidden Zwecker benotzt — als Kasären, Prisong oder Schoul — a goufen, bis op eng Paart, am Zweete Weltkrich komplett zerstéiert. Haut steet eng Schoul op der Plaz vum fréiere Klouschter.

D'Kierch St. Maximin huet de Krich iwwerlieft. Si gouf dekonsekréiert a gouf vun 1979 bis 1995 als Turnsall, an zanterhier als Concertssall benotzt, dee fir seng gutt Akkustik bekannt ass. Ënner der Kierch ass e Griewerfeld mat iwwer 1000 Sarkophagen.

Besëtz vun der Abtei[änneren | Quelltext änneren]

D'Abtei hat e sëlleche Besëtz doruechter, dorënner och um Territoire vum haitege Lëtzebuerg. Sou huet z. B. den Haff vu Weimeschkierch, deen de Karl Martell dem Klouschter 723 geschenkt hat, dozou gehéiert, Mamer (960 dem Klouschter geschenkt), Méischdref, Hënsdref, Leideleng, Duelem, Waasserbëlleg, asw. D'Abtei hat och, zanter dem 17. Joerhonnert, e Refuge bannent der Festung Lëtzebuerg. Am Gebai vu 1751, dem Refuge Sankt Maximin, ass haut den Ausseministère vun der lëtzebuergescher Regierung.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Heinz Cüppers (1981): "St. Willibrord zu Echternach und St. Maximin zu Trier." In: P. Schritz, A. Hoffmann (Ed.): Echternach: Abteistadt = cité abbatiale. Luxembourg, S.143-149.
  • Thomas Giessmann, Thomas (1990): Besitzungen der Abtei St. Maximin vor Trier im Mittelalter: Überlieferung, Gesamtbesitz, Güterbesitz in ausgewählten Regionen. Trier: Wissenschaftlicher Verlag.
  • Theo Kölzer (1992). Studien zu den Urkundenfälschungen des Klosters St. Maximin vor Trier (10.-12. Jahrhundert). (Vorträge und Forschungen, Sonderband 36), Sigmaringen 1989. Historisches Jahrbuch 112, S. 198f.
  • Adolf Neyses (2001): Die Baugeschichte der ehemaligen Reichsabtei St. Maximin bei Trier. Trier.
  • Nicole Reifarth (2006): Die spätantiken Sarkophagbestattungen aus St. Maximin in Trier. Denkmalpflegerische Problematik – Exemplarische Konzepte zur wissenschaftlichen Auswertung – Überlegungen zum zukünftigen Umgang. Masterarbeit im Fach Denkmalpflege – Heritage Conservation. Otto-Friedrich-Universität Bamberg 2006.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Abtei Sankt Maximin Tréier – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]

  1. "Nortmanni Treverim cum monasterio sancti Maximini vastantes Galliam cremaverunt", Annales S. Maximini Trevirensis in Monumenta Germaniae Historica, Scriptorum series, II:213 (kommentéiert vum Warren Sanderson, "The Early Mediaeval Crypts of Saint Maximin at Trier", The Journal of the Society of Architectural Historians 24.4 (December 1965:303-310) S. 304, Note 1.
  2. Heinrich Beyer: Urkundenbuch zur Geschichte der, jetzt die preussischen Regierungsbezirke Coblenz und Trier bildenden mittelrheinischen Territorien, Band 2, Coblenz: Hölscher, 1865, S. 197 (Online)
  3. A detailed account with bibliography is in Sanderson 1965.