Abtei vun Aulne

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Ruine vun Kierch

D'Abtei vun Aulne ass eng Zisterzienser-Abtei am Hainaut an der Belsch.

Si ass net wäit ewech vun Thuin a Gozée a läit um rietsen Uwänner vun der Sambre.

Der Legend no gouf se 657 vum Hl. Landelin gegrënnt.

1794 gouf d'Abtei vu franséische Revolutiounstruppen zerstéiert.

De Generol Charbonnier hat Feier leeë gelooss a mat der Abtei ass d'Bibliothéik mat 50.000 Bicher verbrannt.

Haut gesäit een nach d'Ruine vun der Abtei-Kierch. 1875 ass eng nei Kierch gebaut ginn op der Plaz wou virdrun d'Klouschter stoung.

Koordinaten: Gnome-globe.svg 50° 21’ 56’’ N 04° 19’ 53’’ O

Commons: Abbaye d'Aulne – Biller, Videoen oder Audiodateien