Accinauto

Vu Wikipedia
Accinauto
2014
Land Lëtzebuerg
Adress Eck Épernay-Strooss /Garer Plaz
Koordinaten 49° 35’ 58’’ N 6° 07’ 57.4’’ O
Architekt(en) Michel Wolff
Statut Klasséiert Monument (INPA)
Datum vum Bau 1948/49


Als Accinauto ass e Gebai op der Gare an der Stad Lëtzebuerg, um Eck vun der Épernay-Strooss an der Garer Plaz, bekannt.

Historesches[änneren | Quelltext änneren]

D'Firma Accinauto gouf 1922 gegrënnt[1] a war e Grossist deen Ersatzdeeler fir Vëloen an Autoen an Handwierksgeschier verkaaft huet. Ier se sech op der Gare niddergelooss hat, hat d'Firma hir Adress um Boulevard F. D. Roosevelt (deemools Boulevard du Viaduc).

Gebai[änneren | Quelltext änneren]

D′Gebai gouf vum Architekt Michel Wolff an de Joren 1948/1949 op dem fréiere Site vun der Firma A. Berl et Compagnie gebaut a war vun 1950 un d′Geschäftshaus der Firma Accinauto S.A..

Iwwer de Geschäftsraim déi um Rez-de-chaussée an um Entresol waren, waren déi sechs Stäck driwwer als Wunnengen ageriicht.

Wann der Firma hire Slogan "Tout pour tout ce qui roule et tourne" hautdesdaags net méi op der Fassad drop ass, sou konnten awer déi zwéin Tounrelieffer vum Auguste Trémont op den zwou Säite vum Agank bis haut erhale ginn. Se weisen d'Opbléie vun der Lëtzebuerger Économie, der Stolindustrie an awer och den Tourissem[2].

Nodeems d′Firma Accinauto ëm 1983/84 mat hiren Aktivitéiten op der Gare opgehalen hat, gouf d'Gebai vum Staat fir d'Lëtzebuerger Post kaaft. No Ëmbaute duerch den Architektebüro Perry Weber zesumme mam Architekt Jim Clemes huet d′Post vun 1995 un eng Teleboutique dran installéiert; an den ieweschte Stäck si Büroen[3]. Vun der Teleboutique kënnt een och an de PostMusée, deen do am Keller amenagéiert ass.

Den 9. September 2015 gouf d'Gebai op den Zousazinventaire vun de klasséierte Monumenter agedroen.[4]

Bei de Bauaarbechte fir en neit Postgebai niewendru gouf d'Accinauto-Gebai komplett entkäert, fir an dat neit Gebai mat integréiert ze ginn. Just d'Fassad ass erhale bliwwen.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. gegrënnt den 9 August 1922, ageschriwwen am Handelsregister ënner der Nummer B 4.230 a publizéiert am Mémorial C, Recueil Spécial Nummer 38 vum 21. August 1922
  2. Alain Linster, Ein architektonischer Streifzug durch die Stadt, an „Ons Stad“ 95/2010, Säit 7.
  3. Christian Aschman, Joanna Grodecki, Robert L. Philippart an „Lëtzebuerg moderne: Liebeserklärung an die Hauptstadt“ Säit 212, Édition Maison Moderne, 2013, ISBN 978-99959-33-07-4]
  4. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).