Achaea

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Disambig.svg Dësen Artikel beschäftegt sech mat der réimescher Provënz Achaea. Fir déi haiteg griichesch Prefecture, kuckt w.e.g. Achaia
D'Provënz Achaea

Achaea (gr. Achaia) war eng Provënz vum Réimesche Räich. Si huet d'Hallefinsel Peloponnes a Griicheland ëmfaasst. Am Norde louch Achaea un der Grenz zu de Provënzen Epirus a Macedonia. Dës Regioun gouf 146 v. Chr. duerch d'Réimer eruewert an huet als éischt zu der Provënz Macedonia gezielt. Zanter 27 v. Chr. war Achaea eng senatoresch Provënz mat der Haaptstad Korinth.

An Achaea goufe Koffer, Bläi an Eisen ofgebaut, mee laang net souvill wéi an anere Provënze wéi zum Beispill Noricum, Britannia oder d'hispanesch Provënzen. Griichesche Marber war zimlech beléift. Vill Geléierter an Doktere vu Roum koumen och aus Griicheland. An Achaea goufen och Luxusobjete wéi Miwwel, Kosmetika a Lénge produzéiert. Griichesch Oliven a griicheschen Olivenueleg goufen an all Provënze vum Räich exportéiert.

She-wolf suckles Romulus and Remus.jpg Réimescht Räich – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'Réimescht Räich.
Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen