Joachim Höppner

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Achim Höppner)
Joachim Höppner
Gebuer 9. Juni 1946
Lübeck
Gestuerwen 18. November 2006
Germering
Doudesursaach Häerzschlag
Nationalitéit Däitschland
Aktivitéit Schauspiller, Synchronspriecher

De Joachim Höppner, gebuer den 9. Juni 1946 zu Lübeck, a gestuerwen den 18. November 2006 zu Bermering bei München, war en däitsche Schauspiller, Regisseur a Synchronspriecher.

Den Höppner huet Germanistik, Konscht- an Theatergeschicht studéiert, mä hien ass virun allem bekannt wéinst senger Stëmm.

Seng aussergewéinlech markant Bassstëmm huet ënner anerem dem Jon Voight an, nom Doud vum Klaus Kindler och dem Clint Eastwood eng däitsch Stëmm geléint. Bei ville Galileo (Tëlee)-Filmbäiträg ass seng Off-Stëmm ze héieren. Ënner dem Pseudonym Friedrich Epenstein huet hien all Dag um Klassikradio mueres d'Quizsendung Die wahre Geschichte erzielt.

Den 18. November 2006 ass de Joachim Höppner un engem Häerzinfarkt gestuerwen.

Fir ze lauschteren (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

  • Marco Polo: Il Milione. Der Mythos einer abenteuerlichen Reise, gelies vum Achim Höppner, der Anja Buczkowski an dem Christian Hoenig. Oktober 2004, Komplett Media Verlag. 4 CDen.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]