Acte unique

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

Wiesselen op: Navigatioun, Sich

Den Acte unique, och Eenheetlechen Europäeschen Akt (EEA), am ganzen Numm Acte unique européen, ass en Europäeschen Traité, deen de 17. Februar 1986 vun 9 vun den deemools 12 Staate vun der Europäescher Gemeinschaft zu Lëtzebuerg ënnerschriwwe gouf (déi aner 3 koume kuerz dono no) an deen den 1. Juli 1987 a Kraaft getrueden ss. Et war dëst e wichtege Schrëtt um Wee an d'Europäesch Unioun.

Den Acte unique huet d'Decisioune vun der Regierungskonferenz vum Europäesche Conseil vu Mailand rechtlech 'verklausuléiert'. Decidéiert war ginn, e Bannemaart ze realiséieren, d'Fonctionnéiere vun den Europäeschen Institutiounen ze vereinfachen, nei Politikberäicher der Communautéit ze iwwerdreon an der Europäescher Politescher Zesummenaarbecht eng rechtlech Grondlag ze ginn.

Am Acte Unique gouf dann och de Bannemaart fir d'éischte Kéier definéiert (d'fräi Zirkulatioun vu Wueren, Servicer, Persounen a Kapital) an déi 282 Rechtsakten opgezielt, déi néideg waren, fir e bis den 1. Januar 1993 ze realiséieren. D'Roll vum Europäesche Parlament ass gestäerkt ginn (et krut mam Ministesch-Conseil dat sougenannt "Co-decisiounsrecht" bei enger ganzer Rëtsch Politikberäicher) an et gouf festgehal, das am Conseil Decisiounen zu Bannemaartpolitike mat qualifizéierter Majoritéit, an net méi mat Unanimitéit, geholl kéinte ginn.

Ausserdeem gouf der Communautéit d'Zoustännegkeet iwwer déi heite Politikberäicher iwwrdroen: Wärungspolitik, Sozialpolitik, wirtschaftlech a sozial Kohesioun, Fuerschung an technologesch Entwécklung an Ëmweltpolitik. D'Memberstaate bloufen awer weiderhin eleng zoustänneg fir Decisiounen a Saache Steieren, fräi Zirkulatioun vun Aarbechter an d'Rechter vun den Employéën an Aarbechter.

Ënnert anerem gouf och festgehalen, eng Organisatioun ze grënnen, fir dass d'Memberstaate besser am Strofrechtlechen Domaine zesummeschaffe kéinten.

[Änneren] Um Spaweck


Europäesch UniounGeschicht, Struktur an Traitéën
1951 1957 1965 1986 1992 1997 2001 2007 ?
Europäesch Communautéiten (EG*) E U R O P Ä E S C H   U N I O U N   ( E U )
Europäesch Communautéit fir Kuel a Stol (CECA resp. Montanunioun) (2002 ausgelaf -> EG)
Europäesch Wirtschaftsgemeinschaft (EWG) Europäesch Gemeinschaft (EG)
*EG: EGKS, EWG (EG zënter 1993), Euratom Justiz an Intérieur (JI) (ZJZ a Persouneverkéier –> EG)
Zesummenaarbecht vu Police a Justiz bei Strofaffären (PJZS)
Europäesch Politesch Zesummenaarbecht (EPZ) Gemeinsam Aussen- a Sécherheetspolitik (GASP)
Europäesch Atomgemeinschaft (EAG bzw. Euratom)
Traité vu
Paräis
Traité vu Roum Fusiouns-
Traité
Acte unique Traité vu
Maastricht
Traité vun
Amsterdam
Traité vun
Nice
Reformtraité (Verfassungs-
traité
)

"DRÄI SAILEN" – EG (CECA, EWG / EG, Euratom), GASP, PJZS


Portal EU – All d'Artikelen op der Wikipedia zu der Europäescher Unioun.
Perséinlech Tools