Adalbert Boros

Vu Wikipedia
Adalbert Boros
Gebuer 18. Mee 1931
onbekannt
Gestuerwen 26. Abrëll 2013
Iechternach
Nationalitéit Ungarn
Aktivitéit Ingenieur

Den Adalbert ("Albert") Boros, gebuer den 18. Mee 1931 an Ungarn a gestuerwen de 26. Abrëll 2013 zu Iechternach, war en ungareschen Ingenieur.[1]

Den Albert Boros war 1955 op Lëtzebuerg komm, wou en als Ingenieur geschafft huet. Hien huet ë. a. um Bau vun der Rouder Bréck an dem Barrage vun Esch-Sauer matgeschafft. Vun den 1970er Jore bis 2006 huet hien als Strummert op der Stater Gare gelieft a war sou ville Leit bekannt, absënns Studenten, deenen e bei de Matheshausaufgabe gehollef huet.

Seng lescht Joren huet hien an engem Fleegeheem zu Iechternach verbruecht.[1]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 Adalbert Boros, le clochard le plus connu du Luxembourg est mort publizéiert op wort.lu den 1. Mee 2013 ëm 13:10