Adelaide

Vu Wikipedia
Adelaide
Land Australien
Awunner 1.295.714 (9. August 2016)
Fläch 1.295 km²
Koordinaten 34°55'39"S, 138°36'0"O
Telefonszon 08700
Postcode 5000
Websäit http://www.adelaide.sa.gov.au

Adelaide [ˈædəleɪd] ass d'Haaptstad vum australesche Bundesstaat Südaustralien.

Iwwerbléck[änneren | Quelltext änneren]

Adelaide ass eng Küstestad um Saint-Vincent-Golf a gouf vum éischte Gouverneur vum Staat, dem Kapitän John Hindmarsh, den 28. Dezember 1836 no der englescher Kinnigin Adelaide genannt. Si war d'Fra vum brittesche Kinnek Wëllem IV.

Am Géigesaz zu de Stied Sydney, Hobart an nach villen aneren, ass Adelaide net als Strofkolonie entstanen.

Zu Adelaide gëtt ee grousse Wäert op Kultur geluecht, soudatt een d'Stad an Australien och als "festival city" kennt. Dobäi gëtt Adelaide och nach „city of churches“ (Stad vun de Kierchen) genannt. Zu Adelaide ginn och vill sportlech Manifestatiounen ofgehalen.

D'Stad Adelaide besteet eigentlech nëmmen aus dem Stadkär am Parkrank. Adelaide ass ënnerdeelt an Adelaide an North-Adelaide. Adelaide selwer huet nëmme 17.500 Awunner. Déi ronn 250 Uertschaften, déi ronderëm leie ginn awer meeschten zum Bezierk vun der Stad gerechent.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Virun der Besiidlung duerch d'Europäer hunn am Gebitt vum haitegen Adelaide ronn 300 Aborigines vum Kaurna-Stamm gelieft. Déi, déi déi ageschleefte Krankheeten iwwerlieft hunn, goufe spéider an der Géigend vun Port Lincoln ugesidelt.

1627 kartographéiert den Hollänner Pieter Nuyts d'Küst vu Südaustralien.1802 goufen des Küsten dann erfuerscht, allerdéngs duerch d'Briten. De Colonel William Light, Surveyor-Generol vu Südaustralien, huet den 10. Februar 1837 eng Plaz ça. 10 km am Land eran um River Torrens fir de Bau vun der Haaptstad vun der neier Kolonie bestëmmt. Dem Colonel Lights senger Wäitsiicht sinn déi breet Stroossen am Schachbrietmuster a grouss Parkanlagen ze verdanken.

historesch Kaart (em 1888)

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Adelaide – Biller, Videoen oder Audiodateien