Adiabatesche Prozess

Vu Wikipedia

En adiabatesche Prozess oder adiabatesch Zoustandsännerung ass en thermodynamesche Prozess bei deem an engem System wärend der Ännerung vum physikaleschen oder cheemeschen Zoustand (z. B. d'Kompressioun vun engem Gas, Magnetiséierung, cheemesch Reaktioun) keng Hëtzt tëscht dem System an der Ëmgéigend ausgetosch gëtt an doduerch d'Enthalpie (Q) vum System souwéi och seng Entropie (S) onverännert bleiwen.

Bei der adiabatescher Verdichtung vun engem Gas wéi z. B. bei enger Loftpompel oder engem Dieselmotor gëtt déi mechanesch Verdichtungsaarbecht an Hëtzt ëmgewandelt, well konform zu der Konservatioun vun der Energie keng Aarbecht ka verluer goen. Doduerch geet d'Temperatur an d'Luucht. Ëmgedréint killt de Gas of wa säi Volume sech vergréissert a wann dobäi Aarbecht geleescht gëtt.

An der Meteorologie ënnerleien déi meescht Loftmassen déi sech vertikal beweegen, de Reegele vun adiabetesche Prozesser, well d'molekular Leedung vun der Wäermt an der Loft ganz kleng ass. Loft déi an d'Luucht geet dehnt sech aus a killt dobäi of, Loft déi eroffält gëtt kompriméiert a wäermt sech op. Wann dat sech ënner dem Kondensatiounsniveau ofspillt (Temperaturännerung vun 1°C/100 m) da schwätzt ee vun dréchenadiabatesch, an iwwer dem Kondensatiounsniveau (Temperaturännerung vun ongeféier 0,6 °C/100 m) dann ass et fiichtadiabatesch.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]