Adolf Hnatek

Vu Wikipedia
Adolf Hnatek
Gebuer 7. Juni 1876
Wien
Gestuerwen 16. Oktober 1960
Wien
Nationalitéit Éisträich
Aktivitéit Astronom, Universitéitsprofesser

Den Adolf Hnatek, gebuer de 7. Juni 1876 zu Wien a gestuerwen de 16. Oktober 1960, war en éisträicheschen Astronom.

Den Hnatek war Professer fir Astronomie op der Universitéit Wien a vill Joerzéngten aktiv am Universitéitsobservatoire. Hie war e Pionéier an der Spektralphotometrie vu Stären[1], andeems hien déi relativ Energiedichten (bestëmmbar aus de fotografesche Placken) bei verschiddene Wellenlängte verglach huet. Aus Vergläicher mat dem Schwaarzkierperspektrum vun engem Vergläichsstär huet hien dann d'Temperatur ermëttelt. Hien huet iwwer dëst Gebitt am Joer 1928 een Artikel an d'Enzyklopädie der mathematischen Wissenschaften geschriwwen.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. J. B. Hearnshaw Measurement of Starlight, S.308