Adolf Raderschall

Vu Wikipedia
Adolf Raderschall
Gebuer 6. September 1896
Gestuerwen 16. Dezember 1987
Aktivitéit Riichter

Den Adolf Raderschall, gebuer de 6. September 1896 zu Bonn a gestuerwen de 16. Dezember 1987 zu Andernach war en däitsche Jurist.[1]

Hie war an der Zäit vun der däitscher Besatzung vu Lëtzebuerg am Zweete Weltkrich President vum Sondergericht a Beisitzer (Assesseur) um Standgeriicht, dat d'Doudesurteeler nom Generalstreik vun 1942 gefält huet.

Hie gouf nom Krich, an Ofwiesenheet, zu Lëtzebuerg wéinst Krichsverbriechen zum Doud verurteelt.

De Raderschall gouf a Rheinland-Pfalz fir d'éischt Hëllefsriichter, duerno Landgeriichtsdirekter a.D. (ausser Déngscht), a gouf du pensionéiert.[2]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Adolf Raderschell an der Rheinland-Pfälzische Personendatenbank Zuletzt bearbeitet: 11.07.2006
  2. "Der Fenstersturz".Der Spiegel 6/1965 vum 03.02.1965, S.34.