Adolf von Baeyer

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Den Adolf von Baeyer, 1905

De Johann Friedrich Wilhelm Adolf Baeyer, gebuer den 31. Oktober 1835 zu Berlin a gestuerwen den 20. August 1917 zu Starnberg, war en däitsche Chemiker. 1885 gouf hien zu sengem 50. Gebuertsdag an den Adelstand gehuewen, a gëtt zënterhier (Ritter) Adolf von Baeyer genannt. 1905 krut hien den Nobelpräis an der Chimie.

Inhaltsverzeechnes

Liewen [änneren]

Als Jong vum preisesche Generalleitnant Johann Jacob Baeyer war hie Schüler vum Bunsen a vum Kekulé. Seng vill wëssenschaftlech Erfolleger hunn d'Land zwar industriell no vir bruecht, dat huet hien awer net zu engem räiche Mann gemaach.

Hie war vun 1872 bis 1875 Professer op der Stroossbuerger Uni éier hien op München gewiesselt ass an do dem Justus von Liebig säin Nofolger gouf.

Wëssenschaftlech Aarbecht [änneren]

De Baeyer, dee seng Versich meeschtens a Reagenzglieser gemaach huet, ass duerch d'Synthes vu Faarfstoffer wéi Phtalein (Phenolphtalein, Fluorescein), Anthraquinon, (Alizarin), Indigo, Isatin a Rhodamin bekannt ginn.

Am Joer 1899 hunn de Bayer a säi "Privatassistent", de Victor Villiger, entdeckt datt een Oxydant, deen den Heinrich Caro fonnt hat, et erméiglecht, datt e Keton sech an en Ester ëmwandelt.

Beim Oxydant handelt et sech ëm de Kaliumperoxymonosulfat.

De Baeyer an de Villiger hunn och den éischten Derivat aus der Famill vun de Peroxycarbonsaieren, d'Peroxybenzoesaier preparéiert.

Éierungen [änneren]

Nom Baeyer an dem Villiger ass eng Reaktioun genannt ginn déi si awer ni selwer gemaach hunn, d'Baeyer-Villiger-Oxidatioun.

Kuckt och [änneren]

Um Spaweck [änneren]