Adolphe Fischer

Vu Wikipedia
Adolphe Fischer
Gebuertsnumm Jacques Adolphe Fischer
Gebuer 31. Mäerz 1828
Zéisseng
Gestuerwen 3. Februar 1892
Hamm
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker
Dem Adolphe Fischer säi Graf um Hollerecher Kierfecht

Den Adolphe Fischer, gebuer den 31. Mäerz 1828 zu Zéisseng, a gestuerwen den 3. Februar 1892[1], war e lëtzebuergesche Politiker.

Seng politesch Karriär huet 1854 ugefaangen, wéi en an de Gemengerot zu Hollerech gewielt gouf, wou hie vum 12. Mäerz 1861 bis zu sengem Doud Buergermeeschter war.

Zu Lëtzebuerg op der Gare gouf eng Strooss, d'rue Adolphe-Fischer no him genannt.

Gielchen[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Arendt, Karl. Bürgermeister Adolph Fischer. S. 61 In: Porträt-Galerie hervorragender Persönlichkeiten aus der Geschichte des Luxemburger Landes von ihren Anfängen bis zur Neuzeit: mit biographischen Notizen. Luxemburg: M. Huss, 1908.- IVter Band.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Arendt 1908, S. 61.
  2. Memorial A N°9 vun 1888 mat enger Lëscht vu Leit déi mam ordre de la couronne de chêne ausgezeechent goufen