Adolphe Pauly

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, Sich
Luxembourg politic personality icon.svg Dësen Artikel iwwer e Politiker ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.
Bild 1. D'Ourschläif bei Biwels, Victor Hugo, 1871.

Den Adolphe Pauly-Strasser, gebuer den 2. November 1831 zu Veianen, gestuerwen den 6. Mäerz 1906 zu Charleroi[1], war e lëtzebuergesche Geschäftsmann, Industriellen, Museker a liberale Politiker. Säi Papp war Hotelier.

Den Adolphe Pauly war Wäinhändler an huet eng Essegfabréck bedriwwen. Hie war 1848 Grënnungsmember vun der Veianer Philharmonie a gouf hire President vun 1858 bis 1876. Hie war vun 1867[2] bis 1876 Buergermeeschter vu Veianen a vun 1869 bis 1875[3] Deputéierten an der Chamber.

[änneren] Seng Relatioun mat dem Victor Hugo

Den Adolphe Pauly-Strasser war dee Lëtzebuerger, deen déi beschte Relatioun mat dem Victor Hugo hat. Als Undenken dorunner gouf e Sall um 2. Stack vum Victor-Hugo-Literaturmusée no him genannt, den Adolphe-Pauly-Sall (Sall IV).

Si sinn sech fir d'éischt de 25. September 1863 begéint, wéi de Victor Hugo schonns fir d'Zweet Veianen besicht huet [4].

Den Adolphe Pauly huet de Victor Hugo bei Exkursioune an der Ëmgéigend begleet, sou den 20. September 1865 op Buerschent, woubäi de Pauly mat sengem Cabriolet virgefuer ass an deen Dag och fir d'Gedrénks gesuergt hat [5].

Den 1. August 1871 hëlt de Pauly d'Hugoe mat op eng Bootsfahrt iwwer d'Our, woubäi d'Boot ëmkippt an d'Gesellschaft en onfräiwëllegt Bad hëlt. Den Dag drop fuere si mat der Kutsch a Richtung Norden iwwer d'Klierfer Strooss op de Niklosbierg mat senge Vuen op d'Ourschläif[6] mat der Uertschaft Biwels an der Buerg Falkesteen [7].

[änneren] Literatur

  • Bourg, Tony, 1882. Victor Hugo et la ruine de Bourscheid. Les cahiers de Bourscheid n° 1: 107-119. [1]
  • Bourg, Tony & Frank Wilhelm, 1985. Le Grand-Duché de Luxembourg dans les carnets de Victor Hugo. RTL Éditions, Luxembourg.
  • Link, René, 2006. Un orgue privé à Vianden au XIXe siècle? Les Amis de l'orgue, bulletin de liaison n° 35: 6-7.
  • Spedener, Gregor, 1937. Die im Luxemburger Lande lebten und webten. Biographische Notizen in alphabetischer Reihenfolge zusammengestellt. Impr. Paul Faber, Grevenmacher. [Adolphe Pauly: S. 69].
  • Wilhelm, Frank, 1997. Du nouveau sur les relations amicales entre Victor Hugo et le Viandenois Adolphe Pauly. Die Warte Année 50, n° 14: 1+3 (n° 1807, 24. Abrëll 1997).
  • Wilhelm, Frank, 1999. Victor Hugo, ein Wanderer im Ourtal. Naturpark Our-info Nr. 3: 4-5.

[änneren] Referenzen an Notten

  1. Spedener (1937) nennt den Gebuertsdatum vum 1. Januar 1831 a kee Stierwesdatum, just den Uert Charleroi. Déi Datumen déi am Artikel erschéngen goufen vum Frank Wilhelm matgedeelt (Email vum 3. Januar 2010 un de C. Ries).
  2. Cf. Mémorial B n° 5: p. 23, 25. Januar 1867 Avis. - Nomination de bourgmestres. Vianden: le sieur Adolphe Pauly, négociant. Signé: Luxembourg, le 22 janvier 1867, Le Directeur-général de l'intérieur, F. de Blochausen.
  3. Cf. Mémorial A n° 29 vum 5. November 1875
  4. De Victor Hugo notéiert a säi Carnet: 25 septembre 1863: Le fils de l'hôtelier, jeune homme distingué et intelligent, musicien. Cf. Link 2006.
  5. Deen Dag schreift de Victor Hugo a säi Carnet: "M. Pauly-Strasser a apporté du vin de Moselle et de l'eau de Seltz, qui sont fort bien venus dans cette ruine." Cf. Bourg 1882.
  6. Cf. d'Bild 1.
  7. Cf. Wilhelm 1999.
Perséinlech Tools
Nummraim
Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht