Adolphe Quetelet

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Den Adolphe Quételet

De Lambert Adolphe Jacques Quetelet, gebuer den 22. Februar 1796 zu Gent a gestuerwen de 17. Februar 1874 zu Bréissel war e belschen Astronom, Statistiker a Meteorolog.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Nodeem säi Papp 1803 fréi gestuerwe war, hat den Adolphe Quetelet sech schonn a jonke Jore mat dem Opbau vu senger eegener Existenz beschäftege missen. De Quételet hat zu Gent studéiert a gouf 1815 Mathematik-Dozent. Op der Universitéit Gent leet hien 1819 seng Dissertatioun iwwer Kegelschnëtter vir, De quibusdam locis geometricis nec non de curva focali.

1819 koum hie fir kuerz Zäit an de Bréisseler Kolléisch an de 24. Februar 1820 an d'Académie royale des sciences, des lettres et des beaux-arts de Belgique, wou hien 1836 och Professer vun der Astronomie a vun der Mathematik op der Krichschoul gouf. Zanter 1826 hat de Quetelet beim belsche statisteschen Institut geschafft. 1828 gouf hien Direkter vum Observatoire royal de Belgique, deen ënner senger Leedung gebaut gi war.

Seng Aarbecht am statisteschen Institut an d'Bekanntschaft mat dem Mathematiker Pierre-Simon Laplace hu beim Quetelet den Interessi un der Wahrscheinlechkeetsrechnung waakreg gemaach. Hien huet versicht, déi Erkenntnesser och op nei Gebidder unzewenden, wéi bei der Meteorologie a beim Äerdmagnetismus.

Zanter 1820 war hie Member, an zanter 1834 stännege Sekretär vun der Kinneklech-Hollännesch Akademie vun de Wëssenschaften. 1841 gouf de Quetelet zum President vun der statistescher Zentralkommissioun fir d'Belsch ernannt.

E grousse Ruff krut Quetelet besonnesch duerch seng sozialstatistesch an anthropometresch Aarbechten. Hien hat versicht, souwuel déi physesch wéi och déi moralesch Aspekter vum individuellen a gemeinschaftleche Liewen z'ergrënnen. Dobäi goung hien oft reng mechanesch vir, a seng Methode goufe schonn zu Liewzäiten ugezweifelt.

De Quetelet huet och verschidde wëssenschaftlech Gesellschafte gegrënnt a versicht, den internationalen Austausch ënner de Wëssenschaftler vu verschiddene Staaten ze verbesseren. Hie gëllt haut als de Grënner vun der moderner Sozialstatistik. Ënner anerem huet hien 1846 déi éischt Vollekszielung an der Belsch organiséiert. 1854 gouf hien zum auswäertege Member vun der Bayerescher Akademie vun de Wëssenschaften ernannt.

Den 20. September 1824 bestit de Quetelet d'Cécile Virginie Curtet, d'Duechter vum franséischen Dokter François-Antoine Curtet zu Bréissel. Hire Salon gouf spéider zu engem Treffpunkt fir vill Geléierter a Kënschtler vun internationalem Ruff.

De Lambert Adolphe Jacques Quetelet ass de 17. Februar 1874 zu Bréissel gestuerwen, wou him déi belsch Akademie e Monument am Parc vun der Akademie opgeriicht hat, eng Marmerstatu vum Charles Auguste Fraikin, déi den 11. Mee 1880 ageweit gouf.

Wierker[änneren | Quelltext änneren]

  • Astronomie élémentaire, 2 Bde., Brüssel 1826
  • Positions de physique, 3 Bde., Brüssel 1827 (frz. Nodrock 2010)
  • Recherches sur la réproduction et la mortalité et sur la population de la Belgique, Brüssel 1832
  • Statistique des tribunaux de la Belgique, Brüssel 1833
  • (Hg.) Annales de l'observatoire de Bruxelles, Brüssel 1834 ff.
  • (Hg.) Annuaire de l'observatoire Royal de Bruxelles, Brüssel 1834 ff.
  • Sur l'homme et le développement de ses facultés, ou essai de physique sociale, 2 Bde., Paris ]]1835]] (dt. Über den Menschen und die Entwicklung seiner Fähigkeiten 1838; engl. A treatise on man and the development of his faculties)
  • Sur l'influence des saisons sur la mortalité aux différens ages dans la Belgique, Brüssel 1838
  • Sur la théorie des probabilités apliquée aux sciences morales et politique. Lettres au duc de Saxe-Coburg et Gotha, Brüssel 1846
  • Du système sociale et des lois qui le régissent, Paris 1848
  • Sur le climat de la Belgique, 2 Bde., Brüssel 18491857
  • Théorie des probabilités, Brüssel 1853
  • Histoire des sciences mathématiques et physiques chez les Belges, Brüssel 1864
  • Science mathématiques et physiques chez les Belges au commenceent du 19e siècle, Brüssel 1866
  • Physique sociale ou essai sur le développement des facultés de l'homme, Brüssel 1869
  • Anthropométrie ou mesure des différentes facultés de l'homme, Brüssel 1870

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie