Adolphe vu Lëtzebuerg

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Adolphe vu Lëtzebuerg
24. Juli 1817 – 17. November 1905
AdolfVuLetzebuerg 06-01-2011 22-37-09.jpg
Groussherzog vu Lëtzebuerg
Amtszäit 1890-1905
Virgänger Wëllem III.
Nofolger Wëllem IV.
Papp Wëllem vun Nassau-Weilburg
Mamm Louise vu Sachsen-Altenburg
Statue zu Königstein

Den Adolph Wilhelm Carl August Friedrich aus dem Haus Nassau gebuer de 24. Juli 1817 um Schlass Biebrich bei Wiesbaden, a gestuerwen de 17. November 1905 um Schlass Hohenburg a Bayern, war vun 1839 un Herzog vun Nassau a vun 1890 un, als Adolphe, Groussherzog vu Lëtzebuerg.

De 4. Mäerz 1848 huet hien dem nassauesche Vollek déi néng "Fuerderunge vun den Nassauer" accordéiert, dorënner d'allgemengt Walrecht. Mä e puer Joer méi spéit huet hien dës liberal Vueë revidéiert an e streng konservativen a reaktionäre Kurs gefuer. Hie gouf awer gréisstendeels an Nassau als leitséilegen a populären Herrscher ugesinn. 1866, am Preisesch-Éisträichesche Krich, war hien op der Säit vun Éisträich a gouf dofir vu Preisen ofgesat.

Den 23. November 1890 ass de Wëllem III., Kinnek vun den Nidderlanden a Groussherzog vu Lëtzebuerg, ouni männlechen Nofolger gestuerwen. An Holland ass seng eenzeg Duechter Wilhelmina him op den Troun gefollegt, mä zu Lëtzebuerg war dat, wéinst dem Saleschen Ierfrecht, net méiglech. Nom Familljepakt, deen am 18. Joerhonnert tëscht de verschiddenen Nassauer-Linnen ënnerschriwwe gi war, konnt den Ex-Herzog Adolphe, vun der Walram-Linn, Groussherzog vu Lëtzebuerg ginn. Hie war, iwwregens, während dem Wëllem III. senger Krankheet, eng kuerz Zäit mat der Regentschaft iwwer Lëtzebuerg vertraut ginn. Mä, well e schonn 73 Joer al war a knapps Bescheed wousst, wéi Lëtzebuerg politesch geféiert sollt ginn, huet hie sech als neien Herrscher aus der Dagespolitik erausgehalen. De Staatsminister Paul Eyschen, deen zanter 1888 um Rudder war, huet deemno d'Staatsgeschäfter geféiert, a sou ass eigentlech eng Traditioun geschafe ginn, no där de jeeweilegen Herrscher sech zu Lëtzebuerg aus der deeglecher Politik eraushält. 1902 huet den Adolphe säi Fils Wëllem als Lieutenant-représentant agesat. 1905 ass en zu Hohenburg verscheet an 1953 gouf en an der Krypta vun der Weilburger Schlasskierch begruewen. Déi Krypta gëtt dofir als en Territoire vu Lëtzebuerg betruecht, obwuel Weilburg an der Bundesrepublik Däitschland läit.

Nokommen

Den Adolphe huet d'Elisabeth (1826-1845), Duechter vum Michael vu Romanow (1798-1849), bestuet. Si haten eng Duechter, déi bei der Gebuert gestuerwen ass (27. Januar 1845).

Aus engem zweete Bestietnes mat der Adelheid Marie vun Anhalt-Dessau (1833-1916), Duechter vum Friedrich August, Prënz vun Anhalt-Dessau (1799-1864), goungen ervir:

  • Wilhelm, als Wëllem IV. Groussherzog vu Lëtzebuerg (* 22. Abrëll 1852; † 25. Februar 1912)
  • Friedrich (* 28. September 1854; † 23. Oktober 1855)
  • Marie (* 14. November 1857; † 28. Dezember 1857)
  • Franz (* 30. Januar 1859; † 2. Abrëll 1875)
  • Hilda vun Nassau (* 5. November 1864; † 8. Februar 1952) - bestuet mam Friedrich II., Groussherzog vu Baden

Literatur

  • Even, Pierre, 1992. Adolph, Herzog zu Nassau, Großherzog von Luxemburg 1817-1905. (Verlag?) Wiesbaden.
  • Even, Pierre, 2000. Dynastie Luxemburg-Nassau. (Verlag?) Luxemburg. [S. 199-243]

Kuckt och

Um Spaweck

Commons: Adolphe vu Lëtzebuerg – Biller, Videoen oder Audiodateien


Virgänger:
Wëllem III.
Groussherzog vu Lëtzebuerg
1890- 1905
Nofolger:
Wëllem IV.