Adriaan Blaauw

Vu Wikipedia
Adriaan Blaauw
Gebuer 12. Abrëll 1914
Amsterdam
Gestuerwen 1. Dezember 2010
Groningen
Nationalitéit Holland
Educatioun Universitéit vu Leiden,
Universitéit Groningen
Aktivitéit Astronom, Universitéitsprofesser
Member vun American Academy of Arts and Sciences, Koninklijke Nederlandse Akademie van Wetenschappen, International Astronomesch Unioun, Academia Europaea

Den Adriaan Blaauw, gebuer den 12. Abrëll 1914 zu Amsterdam a gestuerwen den 1. Dezember 2010 zu Groningen war en hollänneschen Astronom.

De Blaauw huet op der Universitéit Leiden an op der Räichsuniversitéit Groningen studéiert. Hien huet ënner anerem am Yerkes-Observatoire, am Leidener Observatoire an op der Universitéit Groningen geschafft . Schwéierpunkte vu senger Fuerschung waren d'Stärekéip an déi wéineg dicht Stärenassociatiounen, aus Duebellstäresystemer bei der Explosioun vun engem Partner fräigesat Ausräisserstären, d'Struktur vun der Mëllechstrooss souwéi d'Stäregenesis an d'kosmesch Distanzskala.

De Blaauw war en erfollegräiche Wëssenschaftsmanager. Ënner anerem war hie Matgrënner vun der Fachzäitschrëft Astronomy and Astrophysics, vun 1970 bis 1974 zweete Generaldirekter vum Europäesche Südobservatoire a vun 1976 bis 1979 President vun der internationaler astronomescher Unioun.

Éierungen[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie