Adrienne Corri

Vu Wikipedia
Adrienne Corri
Gebuer 13. November 1930
Glasgow
Gestuerwen 13. Mäerz 2016
London
Doudesursaach Häerzschlag
Nationalitéit Vereenegt Kinnekräich
Educatioun Royal Academy of Dramatic Art
Aktivitéit Theaterschauspiller, Filmschauspiller
Famill
Bestuet mat Derek Fowlds

D'Adrienne Corri, gebuer den 13. November 1930 a Schottland[1] a gestuerwen den 13. Mäerz 2016 zu London, war eng schottesch Schauspillerin.

D'Adrienne Corri war vun 1948 als Schauspillerin am Theater aktiv. Am Joer 1949 hat si am Film The Romantic Age vum Edmond T. Gréville hir éischt Roll um groussen Ecran. Als Schauspillerin huet si an iwwer 100 Kinos-an TV-Filmer matgespillt dovun awer de gréissten Deel fir d'Tëlee. Bekannt ass si besonnesch duerch hiren Optrëtt am Film A Clockwork Orange (1971) vum Stanley Kubrick.

Si intresséiert sech fir d'Molerei vum 18. Joerhonnert an huet mat The Search for Gainsborough e Buch iwwer de Moler Thomas Gainsborough geschriwwen

Filmographie[änneren | Quelltext änneren]

Kino[änneren | Quelltext änneren]

vun 1949 bis 1959[änneren | Quelltext änneren]

vun 1960 bis 1969[änneren | Quelltext änneren]

vun 1970 bis 1979[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Adrienne Corri – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. no der englescher an däitscher Wikipedia zu Glasgow an no der IMDb zu Edinburgh