Adventskranz

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Den Adventskranz 2007 an der Kierch zu Wasserliesch

De Brauch vum Adventskranz geet zréck op den däitsche Sozialreformer Johann Hinrich Wichern.

De Wichern huet sech no sengen Theologiesetuden ëm vernoléissegt Kanner gekëmmert, a se a sengem Rauhe Haus, dat hien 1833 zu Horn bei Hamburg gegrënnt hat, opgeholl.

Fir de Kanner déi Zäit vum Advent, déi se ongedëlleg op Chrëschtdag gewaart hunn, méi kloer ze maachen, huet de Wichern e Kranz gebonnen a 24 Käerzen drop gestallt. All Dag vum Dezembermount gouf sou eng Käerz weider ugefaangen.

1925 houng fir d'éischt en Adventskranz mat véier Käerzen an enger kathoulescher Kierch zu Köln, an 1930 een zu München.

Commons: Advent wreaths – Biller, Videoen oder Audiodateien