Aeroflot Fluch 343

Vu Wikipedia
Aeroflot Fluch 343
Den accidentéierte Fliger CCCP-86470 am Januar 1982 um London-Heathrow
Resumé vum Accident
Datum 29. September 1982
Plaz Fluchhafe Lëtzebuerg
Land Lëtzebuerg
Doudesaffer 7
Iwwerliewend 70
Fliger
Typ Ilyushin Il-62
Fluch-Nr SU343
Identifikatioun CCCP-86470
Startfluchhafen Fluchhafen Moskau-Scheremetjewo
Zilfluchhafen Fluchhafen Lima-Jorge-Chávez
Tëschelandung Fluchhafe Lëtzebuerg, Fluchhafen Havanna-José-Martí
Informatiounen
ASN 19820929-1



De Fluch 343 vun der Aeroflot war e Fluch vun der sowjetescher Fluchlinn Aeroflot vum Fluchhafe Moskau-Scheremetjewo aus op Lima (Peru), mat Tëschestoppen um Fluchhafe Lëtzebuerg-Findel a La Havana (Kuba)[1].

Den 29. September 1982, um 19h23 GMT (20h23 Lokalzäit), ass d'Iljuschin 62M, déi de Vol gemaach huet (registréiert als CCCP-86470), bei der éischter Tëschelandung um Findel verongléckt. Wéi d'Maschinn um Buedem opgesat huet, huet bei engem vun de Reakteren d'Schubumkehr net richteg funktionéiert, déi de Fliger ofbremse sollt. D'Maschinn ass dofir beim Rullen no riets ofgedréint, iwwer de Wupp vun der Pist ewech e Rampli erofgefall, woubäi s'en 1,3 m héicht Gebai mat ewechgerappt huet. 2.200 Meter hanner an 200 m nieft der Landepist[1] ass se am Bireler Gronn un d'Stoe komm. Nodeems déi meescht Leit erausklamme konnten, huet de Fliger Feier gefaangen[2].

Siwe vun den am Ganze 77 Leit u Bord si bei deem Accident ëm d'Liewe komm[1]. Op d'mannst 5 dovu ware Lëtzebuerger[2].

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 1,2 Fiche op aviation-safety.net (gekuckt: 29 Sept. 2014).
  2. 2,0 2,1 "Das aktuelle Bild." d'Letzeburger Land, 1. Oktober 1982, S.3, op eluxemburgensia.lu.