Aeroplane Cemetery

Vu Wikipedia
Aeroplane Cemetery
Entrée vum Kierfecht
Land Belsch
Gemeng Zonnebeke
Ugeluecht August 1917
Koordinaten 50° 51’ 49’’ N
      02° 55’ 52’’ O


Grafsteng an Afferkräiz

Den Aeroplane Cemetery ass en Zaldotekierfecht mat brittesche Gefale vum Éischte Weltkrich an der belscher Stad Ipren. Et ass e Commonwealth-Kierfecht op deem 1.105 Zaldoten aus dem Commonwealth begruewe leien, wouvun der 636 net bekannt sinn.

De Kierfecht gouf vum Reginald Blomfield geplangt an huet eng Fläch vun 41,59 Ar. E läit ronn 4 Kilometer nordëstlech vum Zentrum vun Ipren um Zonnebeekseweg an 350 Meter vum franséischen Zaldotekierfecht Saint-Charles de Potyze.

De Kierfecht ass rechteckeg an hannen an der Mëtt steet en Afferkräiz. Laanscht d'Mauer am Oste steet en Erënnerungssteen a laanscht déi am Westen eng Kapell.

De Kierfecht krut säin Numm well op der Plaz wou d'Afferkräiz steet 1915 e brittesche Fliger erofgefall war[1].

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Aeroplane Cemetery – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Fiche vum Kierfecht um Geoportal vun de schützte Monumenter a Flandern