Affection

Vu Wikipedia
Affection
Typ Skulptur
Land Lëtzebuerg
Gemeng Koplescht
Plaz Briddel
Koordinaten 49°39'24,0592"N, 6°4'49,2038"O
Ageweit 1980
Material Bronz
Kënschtler Lucien Wercollier

Affection ass den Numm vun enger monumentaler bronze Skulptur vum Lucien Wercollier déi um Briddel an enger Parkanlag um Square Marcel Goedert steet.

D'Skulptur[änneren | Quelltext änneren]

Si steet op engem zirka 2 m héije Sockel aus roudem Granit, op deem den Numm vum Konschtwierk (Affection), den Numm vum Kënschtler an d'Joer 1980 gravéiert sinn:

Lucien Wercollier
sculpteur, 1980.

D'Skulptur gëtt et an zwou Versiounen:

  • eng kleng Versioun, am Alabaster, aus dem Joer 1978;
  • eng grouss Versioun, déi am Optrag vun der Gemeng Koplescht am Bronze gegoss gouf fir op enger ëffentlecher Plaz opgestallt ze ginn.

Interessantes[änneren | Quelltext änneren]

  • Um selwechte Square steet eng al Eech, déi als Bam vum Fridde gekennzeechent ass. Op der Plackett um Fielsblock nieft dem Bam steet:

Arbre
de la Paix
11 novembre 1986

Quellen[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Aner Skulpture vum Lucien Wercollier, an der Stad Lëtzebuerg:

Fir Biller vu weidere Skulpture vum Kënschtler, kuckt: Lucien Wercollier

Fotoalbum[änneren | Quelltext änneren]

D'Skulptur vum Wercollier an hirem Kader.
De Square Marcel Goedert. Vir am Bild: de Friddensbam (1989).