Agalychnis callidryas
| Agalychnis callidryas | |||||||||||||||
|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|
| E faarweprächtegt Exemplar | |||||||||||||||
| Systematik | |||||||||||||||
|
|||||||||||||||
| Wëssenschaftlechen Numm | |||||||||||||||
| Agalychnis callidryas (Cope, 1862) |
|||||||||||||||
Agalychnis callidryas ass déi bekannsten Aart vu Fräschen aus der Gattung Agalychnis an der Ënnerfamill vun de Phyllomedusinae an der Famill Hylidae. D'Aart lieft an den tropesche Reebëscher vu Mëttelamerika.
Inhaltsverzeechnes |
Charakteristiken [änneren]
D'Déiere wierken, typesch fir déi Fräsche-Gattung, gouereg a mat laange Glidder. Vu Kapp bis Hënner gi se maximal 59 Millimeter bei de Männchercher, rep. 77 Millimeter bei den Weibercher grouss. D'Pupillen hu bei Hellegkeet d'Form vun enger senkrechter Spléck, wann et däischter ass, si se bal ronn. D'Iris ass bei erwuessenen Déiere rout (bei jonken éischter gielezech). Dofir heeschen se op däitsch Rotaugenlaubfrosch an op franséisch grenouille aux yeux rouges. D'Faarwe vum Kierper sinn och dacks zimlech intensiv a räich u Kontraster: Uewendrop si se am Dag hellgréng (owes donkelgréng), laangscht d'Säit an un den ieweschten Deeler vun den Extremitéite si se purpur oder brongelzeg gefierft, iwwerdeems se laangscht d'Säit eng hellbeige Sträif hunn. Hänn a Féiss si knallorange, an hunn um Enn Haftscheiwen a bis op zwee Drëttel vun der Längt vun den Zéiwen Spanhait dërtëschent. De Bauch ass wäisselzeg. D'Haut ass net esou gëfteg wéi bei aneren Aarten, mee huet dach eng jett biologesch wierksam Peptider.
Virkommen, Habitat [änneren]
D'Agalychnis callidryas sinn a Mëttelamerika verbreet; vu Südost-Mexiko (Yucatán) am Norden bis zu der kolumbianescher Grenz mat Panama am Süden. Si liewen do virun allem an Déifland-Reebëscher, an op de Bëscher vun den Häng nobäi, bis op eng Héicht vu bis zu 1250 Meter. Si si weiderhin op Dëmpelen, asw. déi net ausdréchenen, ugewisen.
D'Déiere sinn nuetsaktiv; am Dag verstoppe si sech op de Beem, wou se sech op d'ënnescht Säit vu Blieder usaugen a schlofen. D'Reeperiod (Mee bis November) ass och hir Fortplanzungszäit. D'Männercher lackelen d'Weibercher mat Téin un. Wann s'eent erwëschen, klammen s'op hire Réck. Zesumme gi se fir e puer Minutten an d'Waasser, fir duerch hir Haut Flëssegkeet opzehuelen. Da klammen se op e Bam, iwwer engem Dëmpel, wou d'Weibchen eng Kludder mat bis zu 40 Eeër op d'Blieder pecht. De Männche sprutzt da säi Som driwwer. Dacks ginn d'Blieder gediebelt, datt d'Sonn net soll direkt op d'Eeër schéine soll a fir dass se net solle vun aneren Déiere fonnt a gefrass ginn. No 6 bis 8 Deeg sinn d'Kauzekäpp ausgewues a falen, wann s'aus dem Ee erauskommen, an den Dëmpel ënnendrënner. Do wuessen s'op eng Längt vun ca. 48 Millimeter erun. No ongeféier 80 Deeg ass hir Metamorphos zum Fräsch fäerdeg, a se klammen u Land. Et dauert awer nach 2 Joer, bis se geschlechtsräif sinn.
Literatur [änneren]
- Rainer Schulte: Frösche und Kröten. Ulmer-Verlag, Stuttgart 1980. ISBN 3-8001-7048-5
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Agalychnis callidryas – Biller, Videoen oder Audiodateien |