Agaue

Vu Wikipedia

D'Agaue (och: Agave) war an der griichescher Mythologie d'Duechter vum Kadmos an der Harmonia, Schwëster vum Semele, Ino an Autonoe a Fra vum Echion.

Si war Unhängerin vum Dionysoskult. Hire Jong Pentheus, deen no sengem Grousspapp Kadmos op den Troun vun Theben komm ass, huet sech awer geweigert dëse Kult unzeerkennen a wollt d'Fraen drun hënneren, um Dionysosfest deelzehuelen. (Anere Quellen no: well d'Männer un deene Feieren ausgeschloss waren, an d'Frae sech de Männer géintiwwer no dëse Fester ze vill selbstbewosst beholl hunn.)

Op Rot vum Dionysos - deen en zwar mat sengem ganze Gefolleg gefaange geholl, mä net erkannt huet - huet en dunn als Spectateur un de Feieren um Bierg Kithairon deelgeholl. D'Fraen, déi hien entdeckt haten, hunn hie fir e Wëllschwäin geholl, dat se an ekstatescher Roserei a Stécker gerappt hunn. Seng Mamm, déi d'Mainaden ugeféiert huet, huet hiren eegene Jong net erkannt. Si huet dem Pentheus de Kapp erofgerass an e souguer an hirem Wahn am Triumph mat heem geholl wou se eréischt an Uecht geholl wat si do gamaach hat.

Nodeem se aus hirem Rausch erwächt war, ass se an Illyrien geflücht an huet do de Kinnek Lykotherses bestuet. Och hire Papp Kadmos huet Thebe verlooss; aus Trauer a well den Amphion an den Zethos d'Herrschaft iwwer Theben erkämpft hunn. Hien huet du mat enger ganzer Arméi Krich géint d'Illyrier gefouert. D'Agaue huet hire Mann dunn ëmbruecht an d'Kinnekräich hirem Papp iwwerginn.

Griichesch Mythologie – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'griichesch Mythologie.