Aidamir Mugu

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Den Aidamir Mugu

Den Aidamir Mugu (Айдамир Мугу), gebuer de 17. Abrëll 1990 zu Maikop, Republik Adygeja, Russland, ass e russesche Sänger.

[änneren] Geschicht

De Mugu huet sech am Summer 2005 en Numm gemaach wéi hien zesumme mam Akkordeonist Aslan Tlebzu säi Lidd "Schwaarz Aen" (Чёрные глаза) op Russesch an am tradtionelle tscherkessesche Melodiestil opgeholl huet, an deem en eng onglécklech Léift zu enger ondefinéierbarer Schéinheet beséngt.

Déi zwéin hunn nach an deerselwechter Saison eng sëlleche Concerte ginn an och hir éischt CD erausbruecht, wou nieft hirem groussen Hit nach aacht weider Lidder mat naiv-leidenschaftlecher Summerstëmmung drop sinn. De Mugu ass awer weider um Lycée vu Maikop bliwwen, wou en alles wat e wéinst seng plëtzlecher musikalescher Carrière verpasst huet nohëlt.

[änneren] Discographie

  • Schwaarz Aen (Чёрные глаза, 2005)
  • Dololai (Дололай)
  • Sief net jalous (Не ревнуй)
Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen