Air Rescue 2

Vu Wikipedia
Air Rescue 2
D'LX-HMD als Air Rescue 2 zu Ettelbréck

D'LX-HMD als Air Rescue 2 zu Ettelbréck
D'LX-HMD als Air Rescue 2 zu Ettelbréck
Donnéeë vum Loftrettungszentrum
Bedreiwer: Luxembourg Air Rescue
Helikoptertyp: MD 902 Explorer
A Betrib zanter: 19. Juli 1996
Plaz: Centre hospitalier du Nord, Ettelbréck
Am Asaz vu(n): Moies 7 Auer bis zum Sonnenënnergang
Héicht: 208 m
Besatzung
Pilot: Luxembourg Air Rescue
HEMS Crew Member: Luxembourg Air Rescue
SAMU
Dokter: Centre hospitalier du Nord
Infirmier fir Anesthesie a Reanimatioun: Centre hospitalier du Nord

Air Rescue 2 ass d'Bezeechnung fir de Loftrettungsdéngscht deen den LAR-Helikopter benotzt, deen zu Ettelbréck nieft dem Centre hospitalier du Nord stationéiert ass an Asätz am Ëmkrees vu 50 km flitt.

De SAMUs-Dokter am Déngscht vum Centre hospitalier du Nord decidéiert bei der Alerte jee no Asazaart an Distanz bis bei d'Asazplaz, ob e mam Auto oder mam Rettungshelikopter bei de Patient bruecht soll ginn.

Asazstatistiken[änneren | Quelltext änneren]

Joer 1996 1997 1998 1999 2000 2001 2002 2003 2004 2005 2006
Asätz ? 324 255 ? ? ? 319 323 ? 352 334
Joer 2007 2008 2009 2010 2011 2012 2013 2014 2015 2016
Asätz 327 344 423 400 449 443 436 371 357 377

[1]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. LAR.LU: 2016 Rapport d'activités, Activités des hélicoptères de sauvetage, S.19