Airbus A380
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Airbus A380 vun der Lufthansa
Den Airbus A380 (als Steigerung vun Jumbo-Jet och Superjumbo genannt) ass ee véierstralege Groussraumfliger vum europäesche Fligerbauer Airbus. Et ass dee gréissten zivile Passagéierfliger dee jee a Serienproduktioun goung. Säin éischte Fluch hat en de 27. Abrëll 2005. De 15. Oktober 2007 gouf déi éischt Maschinn un d'Singapore Airlines ausgeliwwert.
Den Airbus A380 gëtt zënter 2004 zu Toulouse an der Industriezon déi nom Jean-Luc Lagardère benannt ass zesummegebaut. Déi Zon ëmfaasst eng ronn 50 Hektar. Déi grouss Hal huet eng Fläch vun 12,25 ha an ass 46 Meter héich.
Inhaltsverzeechnes |
Versiounen [änneren]
Bei alle Versioune ginn d'Honnerternummeren nach ënnerdeelt, woubäi un zweeter Plaz de Motorhiersteller steet an un drëtter d'Variant vum Motor.
- A380-700 : gekierzte Versioun vun 67,9 Meter fir maximal 481 Passagéier a mat enger Räichwäit vun 16.200 km, déi bis elo weder bestallt nach ausgeliwwert gouf
- A380-800 : d'Basisversioun fir bis zu 525 [1] Passagéier mat enger Räichwäit vun 15.200 km
- A380-800R : geplangten A380-800 Versioun mat enger Räichwäit vun 16.200 km
- A380-800F : bis 2010 op Äis geluecht Frachtversioun vum A380-800 fir bis zu 157,4 Tonne Fracht bei enger Räichwäit vun 10.400 km
- A380-900 : gestreckt Versioun vum A380-800 fir bis zu 963 Passagéier, bei där d'Entwécklung 2010 soll opgeholl ginn
Bestellungen [änneren]
| Fluggesellschaft | A380-800 | Dovunner ausgeliwwert | Motoren |
|---|---|---|---|
| Air France | 12 | 4 | GP72XX |
| British Airways | 12 | 0 | Trent 900 |
| China Southern Airlines | 5 | 0 | Trent 900 |
| Emirates | 90 | 15 | GP72XX |
| Etihad Airways | 10 | 0 | GP72XX |
| ILFC | 10 | 0 | GP72XX |
| Kingfisher Airlines | 5 | 0 | k. A. |
| Korean Air | 10 | 0 | GP72XX |
| Lufthansa | 15 | 4 | Trent 900 |
| Malaysia Airlines | 6 | 0 | Trent 900 |
| Qantas Airways | 20 | 6 | Trent 900 |
| Qatar Airways | 5 | 0 | k. A. |
| Singapore Airlines | 19 | 11 | Trent 900 |
| Thai Airways International | 6 | 0 | Trent 900 |
| Virgin Atlantic Airways | 6 | 0 | Trent 900 |
| al-Walid ibn Talal Al Saud | 1 | 0 | Trent 900 |
| Total | 234 | 40 |
Technesch Daten [änneren]
| Variante | A380-800 | A380-800F (Entwécklung op Äis geluecht) |
A380-900 (Entwécklungsufank ca. 2010) |
|---|---|---|---|
| Längt: | 72,30 m | ca. 79,40 m | |
| Spannwäit: | 79,80 m | ||
| Héicht: | 24,10 m | ||
| Kabinelängt: | 50,68 m | k. A. | |
| Duerchmiesser: | 7,14 m (horizontal) x 8,40 m | ||
| Maximal Kabinebreet: | 5,92 m (Uewerdeck) 6,58 m (Haaptdeck) |
||
| Fligelfläch: | 845 m² | ||
| Fligelpfeilung: | 33,5° | ||
| Maximaalt Eidelgewiicht: | 275 t | 286 t | k. A. |
| Maximaalt Startgewiicht: | 560 t | 590 t | ca. 590 t |
| Maximaalt Landegewiicht: | 386 t | 427 t | k. A. |
| Typesch Notzlaascht: | 66,4 t | 157,4 t | k. A. |
| Passagéierkapazitéit: (3 Klassen) |
5251 | 12 | ca. 650 |
| Maximal Passagéierkapazitéit: | 8532 | ca. 960 | |
| Maximal Tankkapazitéit: | 310.000 l | 370.000 l | |
| Motoren: | Engine Alliance GP7200 Rolls-Royce Trent 900 |
Engine Alliance GP7277 Rolls-Royce Trent 970 |
Engine Alliance Rolls-Royce Trent |
| Schub: | 311 kN pro Motor | 340 kN pro Motor | k. A. |
| Héchstvitesse: | Mach 0,95 | ||
| Wirtschaftlechst Vitesse: | Mach 0,85 | ||
| Räichwäit: | 15.200 km | 10.400 km | ca. 14.200 km |
| Fluchhéicht: | 13.100 m | k. A. | |
| Startstreck: | 3.353 m | 3.231 m | k. A. |
Kuckt och [änneren]
| Commons: Airbus A380 – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Um Spaweck [änneren]
Referenzen [änneren]
- ↑ Depliant vun Airbus deen e bei der Visite vum Center zu Toulouse kritt