Airedale Terrier

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Airedale Terrier
Airedale.jpg
FCI - Standard Nr. 7
Hierkonft Groussbritannien
Klassifikatioun FCI
  • Grupp 3: Terrier
  • Sektioun 1: Héichleefeg Terrier
Faarwen Loufuerwen mat Schwaarz oder Gro um Suedel, am Genéck an uewen op dem Schwanz
Héicht um Genéck Ridd: 58-61 cm

Mudder: 56-59 cm

Gewiicht Ridd: 22-30 kg

Mudder: 22-30 kg

Lëscht vun den Hondsrassen

Den Airedale Terrier ass eng vun der FCI (Nr.7, Gr.3, Sek.1) unerkannte britesch Hondsrass.

Beschreiwung [änneren]

Den Airedale Terrier ass e robusten, muskuléisen Hond mat haardem, dichtem an drotegem Pelz mat vill Ënnerwoll. De Pelz däerf bei den Zuuchtstandarden net méi struppeg wierken. Hien ass loufaarweg mat schwaarz oder gro (ganz seele brong) um Suedel, am Genéck an uewen op dem Schwanz. De Ridd weist eng Gréisst vun ca. 58-61 cm op an d'Mudder eng vun ca. 56-59 cm. Domat ass déi Rass déi gréissten Terriersrass, woubäi d'Gewiicht ëm déi 22-30 kg läit.

Bei regelméissegem Trimme verléiert déi Rass keng Hoer an ass soumat bei richteger Erzéiung och an enger Wunneng gutt ze halen.


Kuckt och [änneren]

Um Spaweck [änneren]

Commons: Airedale Terrier – Biller, Videoen oder Audiodateien