Airglow

Vu Wikipedia
Airglow, als schmuelt Band an enger Héicht vu ronn 100 km iwwer der Äerd, opgeholl vun der Internationaler Raumstatioun (ISS)

Als Airglow (engl.) bezeechent een e schwaacht Liichte vun héijen Atmosphärschichten. Et gouf am Joer 1868 vum Anders Ångström entdeckt.

D'Reschthellegkeet vun engem Nuetshimmel ouni Äermound, wéi bei Neimound, resultéiert net eleng aus kënschtleche Liichtquellen um Buedem, der indirekter Streeung vum Sonneliicht an dem Liicht vun de Stären, mä och aus Prozesser an der Ionosphär. D'Gasatomer a -moleküllen (virun allem Sauerstoff a Stéckstoff) an där Schicht gi vun der d'solarer Ultraviolettstralung ioniséiert an dissoziéiert. Bei der Rekombinatioun vun den Deelercher gëtt eng Stralung am visuelle Beräich fortgeschéckt, déi nach laang no Sonnenënnergank unhält.

Dat Liicht dat am Dag duerch dee Prozess entsteet ass méi intensiv wéi dat vun Nuets, gëtt awer duerch d'Sonneliicht iwwerstraalt. Baussenzeg vun der Äerdatmosphär erschéngt d'Airglow wéi Réng déi an enger Héicht vu ronn 90–500 km iwwer der Äerduewerfläch liichten, woubäi virun allem e gréngt Band op enger Héicht vun 90 bis 100 km dominéiert. Wéinst Dichtännerungen duerch Schwéierwelle léisst sech dat a Form vun eenzele Bänner observéieren.

D'Phenomeen Airglow gëtt vun der Sond SwissCube, déi den 23. September 2009 an de Raum geschoss gouf, ënnersicht.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Airglow – Biller, Videoen oder Audiodateien