Airspeed AS.51 Horsa

Vu Wikipedia
Airspeed AS.51 Horsa vum Schleeffliger aus gesinn
Airspeed AS.51 Horsa

D'Airspeed AS 51 Horsa war en englesche Laaschteseegler fir den Truppentransport am Zweete Weltkrich, dee vun der Firma Airspeed Ltd gebaut gouf.

De Fliger gouf nom legendäre brittesche Kriger Horsa genannt.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Benotzung vu Laaschteseegleren duerch d'Englänner war eng Suite vum erfollegräichen Asaz vum däitschen DFS 230-Laaschteseegler deen e groussen Deel bei der Erruewerung vum belsche Fort Eben-Emael am Mee 1940 bäigedroen huet.

De Virdeel vu sou Laaschteseegler vis-à-vis vun de Fallschiermer war, datt d'Truppe kënnen nobäienee landen, wougéint se bei Fallschiermlandunge wäit verspreet sinn.

Mat 28 Sëtzplaze war den Horsa e gutt Stéck méi grouss wéi d'amerikanesch Waco CG-4A (mat maximal 13 Mann Besatzung) an déi englesch General Aircraft Hotspur (mat nëmmen 8 Mann Besatzung), an déi och nëmme fir Trainingasätz geduecht war.

Amplaz vun Zaldote konnt eng Jeep oder eng 6-Pënner Panzerofwierkanoun transportéiert ginn.

Den Horsa koum fir d'éischt bei der Operatioun Deadstick engem Deel vun der Operatioun Tonga, am Kader vun der Operatioun Overlord an der Operatioun Neptun) bei der Ërruewerung vun der Pegasus-Bréck a vun der Horsa-Bréck um D-Day de 6. Juni 1944 an den Asaz.

En Horsa dee geschleeft gëtt

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Airspeed Horsa – Biller, Videoen oder Audiodateien