Akafsweenchen

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Supermarchés-Akafsweenercher an der Rei.

En Akafsweenchen ass e Won, aus Metall oder deelweis aus Plastik, dee geduecht ass, d'Wueren beim Akafen an engem Supermarché oder soss engem Geschäft ze transportéieren. E rullt op klenge Rieder, a gëtt gedréckt. Akafsweenercher sinn esou gebaut, dass en se anenee gestach kënne ginn, fir esou manner Plaz beim Stockéieren ewechzehuelen. Dofir si se vir méi schmuel a méi héich wéi hannen, an déi hënnescht Säit léisst sech no bannen an no uewe klappen.

Dacks sinn Akafsweenercher mat enger Zort Schlass equipéiert, an deem eng Zort Schlëssel stécht, deen un engem anere Weenchen drunhänkt. Fir dat "Schlass" opzemaachen (an esou de Weenchen lasszemaachen), brauch ee gewéinlech eng Mënz, déi feststécht, esoulaang een de Stëft net nees dramécht. D'Iddi ass et, d'Leit dozou ze bréngen, de Weenchen nom Akaf nees op enger bestëmmter Plaz ofstellen, fir esou hir Mënz erëmzekréien, an ze verhënneren, dass en egal wou stoegelooss géif.

Dee bekanntsten, well eelste Produzent an Europa ass déi franséisch Firma Caddie SA, déi där Weenercher ënnert der registréierter Handelsmarque Caddie produzéiert (an déi oft als Begrëffsmonopol fir "Akafsweenche" genbraucht gëtt). 1980 hat Caddie ronn 80 % vum europäesche Marché vun den Akafsweenercher. Zënterhir ass d'Konkurrenz méi grouss ginn; esou gëtt et déi spuenesch Firma Marsanz, déi an 80 Länner hir Weenercher verkeeft, an déi éisträichesch Firma Wanzl Metallwarenfabrik GmbH, deem gréisste Produzent weltwäit. Och a China ginn et mëttlerweil eng Rëtsch Produzenten, an an den USA sinn et Unarco, United Steel Wire Company an Americana Companies Inc., déi der produzéieren.

Den Akafsweenchen gëtt haut och am Online-Akafen als Metapher gebraucht fir den Ensembel vun den Artikelen, déi ee sech an engem Online-Katalog erausgesicht huet.


[änneren] Gallerie

Commons: Shopping carts – Biller, Videoen oder Audiodateien
Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen