Akkolad (Typographie)

Vu Wikipedia
{ }

Eng Akkolad ass an der Typographie eng Zort vu Klamer. Akkolade gi meeschtens als Koppel agesat: déi éischt mécht d'Klamerung op { an déi zweet mécht se nees zou }.

Op Franséisch heesche s'accolades, op Däitsch geschweifte Klammern oder geschwungene Klammern, op Englesch braces oder curly brackets

Akkolade ginn z. B. agesat, fir e puer Zeilen zesummenzefaassen, z. B. an der Musek. An Dictionnairen hu si dacks eng speziell Bedeitung. An der Mathematik gi se gebraucht fir Ensembelen duerzestellen, oder als Rechenzeechen. Se ginn och an de Programméiersproochen dacks benotzt.

Akkoladen
Akkoladen

Op der Wikipedia an op den anerer Wiki-Websäite gi se duebel agesat fir Schablounen ze kennzeechnen (Kuck hei).