Akrab (Stär)
Den Akrab (och Acrab, Graffias, Elacrab, arabesch al-ʿaqrab "de (Stärebild) Skorpioun") ass de Numm vum Stär β (beta) Scorpii am Stärebild Scorpius. Een aneren historesche Numm ass: Graffias
Den Akrab ass en Duebelstäresystem op enger Distanz vun 600 Liichtjoer. Den Haaptstär ass e blowäisse Stär vum Spektraltyp B1 mat enger visueller Magnitude vu +2,6m. De +5,1m helle blowäisse Begleetstär befënnt sech op engem Wénkelofstand vun 13,6" bäi engem Positiounswénkel vun 21 Grad vum Haaptstär ewech.
Den Akrab kann als ekliptiknoer Stär vum Mound a (ganz selten!) vu Planéiten bedeckt ginn. Déi lescht Bedeckung vum Akrab duerch e Planéit war den 13. Mee 1971 duerch de Jupiter, an déi virlescht Bedeckung war de 9. Dezember 1906 duerch d'Venus.
Koordinate vum Haaptstär Equinoxe J2000.0:
- Rektaszensioun: 16h5m26s
- Deklinatioun: -19°48'19"
Koordinate vum Begleeder Equinoxe J2000.0:
- Rektaszensioun: 16h5m26s
- Deklinatioun: -19°48'7"