Akronym

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

En Akronym (griichesch ακρωνύμιο, vun άκρος, ákros - d'Spëtzt, de Bord an όνυμος, ónymos - den Numm) ass eng Ofkierzung, déi als eegent Wuert geschwat gëtt, a wou déi eenzel Buschtawen net gesonnert ausgeschwat ginn. Och steet kee Punkt tëschent de Buschtawen oder um Enn vum Wuert, wéi z. B. bei CECA, ausgeschwat "tse:ka".

Doduerch ännert sech hir Schreifweis mat der Zäit vun elauter Groussbuschtawen zu där vun normale Substantiven, wat als Ausdrock gesi gëtt, datt se sproochlech assimiléiert sinn. Beispiller fir bekannt Akronymer sinn z. B. Arbed, Radar, Laser, Nato oder Aids.

Kuckt och[änneren]

Um Spaweck[änneren]