Akutagawa-Präis

Vu Wikipedia

Den Akutagawa-Präis (芥川龍之介賞 Akutagawa Ryūnosuke Shō) ass de wichtegste japanesche Literaturpräis.

Dës Auszeechnung gouf 1935 vum Kikuchi Kan, Editeur vun der Zeitung Bungei Shunjū an d'Liewe geruff, als Erënnerung un den Auteur Ryūnosuke Akutagawa, mat deem de Kan a grousser Frëndschaft verbonne war. De Präis gëtt all Joer zweemol verginn, am Januar an am Juli. Dëst ass an éischter Linn eng Auszeechnung fir Kuerzgeschichten an Novellen, déi an Zeitungen oder Zäitschrëfte publizéiert goufen. Sou fënnt ee virun allem jonk Auteuren, déi nach kee gréissert Wierk opweises hunn op der Lëscht vun de Laureaten.

Gewënner vum Akutagawa Präis (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

  • Jun Ishikawa (1936),
  • Yasushi Inoue (1949)
  • Kobo Abe (1951),
  • Shusaku Endo (1955)
  • Takeshi Kaiko (1957)
  • Kenzaburo Ōe (1958)
  • Morio Kita (1960)
  • Taeko Kono (1963)
  • Kenji Maruyama (1966)
  • Ryu Murakami (1976)
  • Yoko Ogawa (1990)